Die Linke

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Die Linke logo.svg Karl-Liebknecht-Haus
Kleine Alexanderstraße 28
10178 Berlin
Flag of Germany.svg Däitschland
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 16. Juni 2007
Memberen: 54.214 (2022)
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Lénk
Websäit: www.die-linke.de

Die Linke ass eng däitsch politesch Partei. Si vertrëtt demokratesche Sozialismus, Antikapitalismus, Antimilitarismus a Feminismus. Die Linke ass 2007 duerch d'Fusioun vun de Parteie WASG an Die Linkspartei.PDS entstanen. Déi Leschtgenannt housch bis 2005 PDS, déi hirersäits no der Erëmvereenegung vun Däitschland als Nofollegpartei vun der SED gegrënnt gouf.

Si ass zanter 2009 an enger Koalition mat der SPD a Brandenburg un enger Landesregierung bedeelegt. Zanter 2014 stellt si mam Bodo Ramelow an Thüringen hiren éischte Ministerpresident (an enger Koalitioun mat Bündnis 90/Die Grünen an SPD).


Commons: Die Linke – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]