Dietrich Fischer-Dieskau

Vu Wikipedia
Dietrich Fischer-Dieskau
Gebuer 28. Mee 1925
Berlin
Gestuerwen 18. Mee 2012
Berg
Nationalitéit Däitscht Räich, Däitschland
Educatioun Universität der Künste Berlin
Aktivitéit Operesänger
Member vun Akademie der Künste Berlin, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Irmgard Poppen, Ruth Leuwerik, Kristina Pugell, Julia Varady
Kanner Martin Fischer-Dieskau

Den Albert Dietrich Fischer-Dieskau, gebuer den 28. Mee 1925 zu Berlin a gestuerewn den 18. Mee 2012 zu Berg, ass en däitsche Lieder- an Operesänger.

Famill an Erzéiung[änneren | Quelltext änneren]

Den Dietrich ass dee jéngste vun dräi Jongen aus sengem Papp sengem zweete Bestietnes. Säi Papp Albert (1865-1937) war Schouldirekter a seng Mamm Dora (1884-1937) war Léierin.

Dem Fischer-Dieskau säi musekaleschen Interessi huet sech fréi gewisen. Seng Mamm huet hie geléiert Piano spillen. Mat Sangen huet en als Kand ugefaangen a mat 16 Joer huet e seng Stëmm vum Professer Georg A. Walter ausbilde gelooss.

Wéi en 1943 an d'Wehrmacht agezu gouf, hat e just säi Secondaire fäerdeg an ee Semester am Berliner Conservatoire. An Italien ass hien 1945 gefaange geholl ginn, an e war zwee Joer amerikanesche Krichsgefaangenen. Déi Zäit huet hien ausgenotzt fir sech autodidaktesch weiderz'entwéckelen. Wéi hie 1947 an Däitschland zeréckkoum, huet en eng kuerz Zäit beim Professer Hermann Weissenborn op der Hochschule für Musik zu Berlin studéiert ier e seng Carrière ugefaangen huet.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Dem Fischer-Dieskau seng Sänger-Carrière huet 1947 zu Badenweiler ugefaangen. Bei enger Opféierung vum Brahms sengem Ein deutsches Requiem ass hie fir e Sänger dee stënterlech krank gouf agesprongen. Säin éischte Lieder-Recital gouf en am Hierscht vum selwechte Joer zu Leipzig a kuerz drop hat groussen Erfolleg bei sengem éischte Concert am Berliner Titania-Palast.

Am Hierscht 1948 ass e vun der Städtische Oper Berlin engagéiert ginn, an huet säin Debut gemaach an der Roll vum Rodrigo, dem Marquis vu Posa am Verdi senger Oper Don Carlos ënner dem Dirigent Ferenc Fricsay.

Seng Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Fischer-Dieskau seng éischt Fra (1949) war d'Irmgard Poppen, eng Cellistin. Mat hir hat en dräi Jongen. De Mathias (gebuer 1951), e Bünendekorateur, de Martin (gebuer 1954), en Dirigent an de Manuel (gebuer 1963) en Cellist (Member vum Cherubini Quartett). D'Irmgard Fischer-Dieskau ass 1963 duerch Komplikatioune bei der Gebuert gestuerwen.

Tëscht 1965 an 1967 war de Fischer-Dieskau mat der Filmschauspillerin Ruth Leuwerik bestuet a vun 1968 bis 1975 mat der Kristina Pugell. Zanter 1977 ass e mat der Sopran-Sängerin Julia Varady bestuet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]