Den Dimitris Christofias (griichesch: Δημήτρης Χριστόφιας; de Virnumm gëtt och alt mat Demetris transkribéiert), gebuer den 29. August1946 zu Dhikomo, am Distikt Kyrenia, haut an Nord-Zypern, a gestuerwen den 21. Juni2019, war en zyprioteschePolitiker. Hie war vum 28. Februar 2008 bis de 27. Februar 2013 Staatspresident vun der Republik Zypern.
Hie war zanter 1989 Generalsekretär vun der zypriotescher Kommunistescher Partei (AKEL). Hie gouf 24. Februar2008 mat 53,36 % vun de Stëmmen am 2. Tour zum President vun Zypern gewielt. Virdru war e Parlamentspresident.