Op den Inhalt sprangen

Dioptra

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Dioptra

Et handelt sech bei der Dioptra ëm een universellt geodetescht Instrument, dat een als Virgänger vum Theodolit kann ugesinn. D'Erfindung vum Theodolit am 16. Joerhonnert war duerch d'Beschreiwung vun der Dioptra beim Heron vun Alexandria ugereegt ginn.

Eng Dioptra besteet aus engem senkrechten Holzzylinder, deen eng dréibar Scheif dréit, déi mat enger Gradandeelung beschrëft ass. Ausserdeem ass op dëser Scheif eng horizontal Achs ervirgehuewen, déi op hiren zwee Enner mat Opsätz versinn ass, an déi ee Schlitzer fir derduerch ze kucken agefouert huet. Mat Hëllef vun dëse Schlitzer léisst sech en Zil prezis viséieren. Op hirer Ënnersäit ass d'Scheif mat enger hallefkreesfërmeger, Bronzeplack mat Zänn verbonnen a léisst sech domat ajustéieren. Dëse beschriwwenen Uewerdeel vun der Dioptra rout nees op enger anerer Scheif, déi sech dréie kann an duerch Spëndele justéiert ka ginn. Den Heron vun Alexandria ernimmt am Zesummenhank mat der Dioptra och eng Waasserwo – en zwéi Meter laangen horizontale Staf, deen zwéi Waasserbehälteren dréit, déi matenee verbonne sinn.

D'Dioptra ka fir déi verschiddenst Aarbechte vun der Feldmiessung an der Astronomie agesat ginn.

Den Heron vun Alexandria war den Éischten deen d'Dioptra beschriwwen huet. Wéini den Heron gelieft huet, léisst sech ganz schwéier bestëmmen. Méiglecherweis awer am 1. Joerhonnert n. Chr. D'Dioptra gouf awer scho méi fréi erfonnt: Den Almagest ernimmt eng Beschreiwung déi den Hipparchos gemaach hat.

  • Heron vun Alexandria: Rationes dimetiendi et commentation dioptrica, in: Heronis Alexandrini opera quae supersunt omnia. Vol. III, Griichesch an Däitsch vum H. Schöne. - Leipzig: B. G. Teubner, 1903, Säit 238 ff.
  • an den Nodrock vun der University of Michigan Press vun 1976
  • Lewis, M. J. T. Surveying Instruments of Greece and Rome. - Cambridge (UK): Cambridge University Press, 2001.