Diskussioun:Äisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Quell vun der Äisch[Quelltext änneren]

Hei am Artikel steet, d'Quell vun der Äisch wier zu Sélange an der Belsch. Am Artikel Féngeg steet elo, d'Quell wier zu Féngeg. Wat ass richteg? --88.207.254.79 08:43, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Am "Recueil statistique des Communes" vun 2003, dat ass meng Quell, steet Féngeg. (de Recueil léisst sech als pdf-Datei eroflueden) Dat wäert dach net deeselwechte Brach si wéi déi "Affär" mat der Quell vun der Uelzecht!! --Cornischong 09:15, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Op den topographesche Kaarten[Quelltext änneren]

Wou d'Äisch hir Quell huet ass keng sou einfach Saach.

  • Op de belschen topographesche Kaarten ass d'Äisch eréischt agezeechent op der Héicht vum Rommebësch an der Gemeng Kënzeg.
  • Op den topographesche Kaarte vum Lëtzebuerger Kadaster hunn zu Féngeg dräi Baachen hir Quell d´Wëlleschbaach, d´Këschel, an d´Falterbaach. Watereng vunn deenen dräi soll spéider d'Äisch sinn, ass schwéier ze soen.
  • Et gëtt do eng allgemeng Reegel déi den Numm vun enger Baach oder Floss bestëmmt. Wann se beim Zesummefloss en Numm hunn, an déi selwecht Hierarchie hunn, ass et déi längsten déi den Numm weidergëtt. Wann se gläich laang sinn ass et déi mat dem gréissten Offlosswäert. Bis op e puer rar Ausnamen ass dat an all Land d'selwecht. An dësem Fall misst et dann Falterbaach sinn déi hiren Numm da spéider an Äisch géif änneren.
  • An der topographescher Interpretatioun ass et esou datt, wann zwou Baachen zesummelafen, an déi eng en Numm huet an deen duerno verléiert, ass déi aner Baach déi den Numm deen duerno opgefouert gëtt, ginn huet. An dësem Fall wier et déi Baach déi vu Séilen kënnt.
  • Ech maachen nach méi am Laf vum Daag op dëser Säit eng Propose wéi mer déi kuokeleg Situatioun ordentlech an den Artikel abanne kënnen, a kucken esou wäit wéi et méiglech ass fir erauszefannen op d'Peggien keng offiziell Revendicatioun op den Numm hunn. Wann ech dat net esou vum Bürosstull erausfanne kann, maachen ech mer dann duerno eng Kéier d'Méi fir um belsche Kadaster erauszefannen ënner water Nimm déi Baachen déi vu Séile kommen agezeechent sinn.


Gudden Owend,
Vu datt déi Saach mat de Baache méi komplex ass, (kuckt d'Erklärungen um Staminet), änneren ech elo mol näischt am Artikel Äisch.
Et ass mer och nach eng Iddi komm op waterenger Plaz een déi Nimm vun de Baache ka gewuer ginn. An zwar am Inneministär, bei dem Service dee sech ëm d'Fëschereilouse bekëmmert. Aus der Beschreiwung vun de Fëschereilouse geet ganz genee ervir ëm watereng Baach et sech dréint, a wéi se beim Inneministär genannt gëtt. Well ech zimmlech wäit ewech sinn, fällt et mer net ganz einfach fir do nozekropen. Well de Cornischong och d'Nues voll huet met dem Getelefonnéiers, froen ech elo mol op en anere Mataarbechter Loscht huet fir an deem Sënn eppes ze ënnerhuelen. Wann net waarde mer eben, bis ech eng Kéier an der Géigend sinn a mech kann drëm bekëmmeren. Les Meloures 21:02, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,

Op der Héicht vu Clairefontaine kritt d'Äisch d'Niewebaach Dirbaach aus der Belsch, oder? Ech mengen, datt dat hei misst dobäi kommen, si mer awer net ganz sécher. Merci a bescht Gréiss!

D.R.


Gudde Moien,
Dat ass warscheinlech déi hei. Durbaach oder och Ruisseau de Clairefontaine.

--81.244.214.27 09:04, 5. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]