Diskussioun:Antiquitéit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech si mer net sécher op ech net um Holzwee sinn, mee ech sinn der Meenung datt de Lemma fir dësen Artikel falsch ass oder op d'mannst net eendeiteg. Ënner Antiquitéit hunn ech bis elo ëmmer en Objet verstanen dee vun engem Antiquitéitenhändler verkaaft gëtt (ech weess et gëtt besser Beschreiwungen). Fir dat, wat dësen Artikel hei beschreift, géif ech éischter als "Altertum" bezeechnen. Den LOD schéngt iwwregens och dëser Meenung ze sinn. --MMFE (Diskussioun) 12:58, 5. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]

Moien, Antiquitéit ass effektiv (och, an a ville Fäll) e Synonym fir Altertum, allerdings, wéi am Artikel erkläert, geographesch an zäitlech méi ageschränkt. Et ass e bëssen de Problem vun aneren historeschen Epochen, wou déi franséisch an däitsch sproochlech Equivalenter net ëmmer dee selwechten Zäitraum mengen. Wat elo d'Antiquitéit als "alen Objet mat engem gewësse Wäert" ugeet, sou wäert et do kaum en enzyklopedesche Lemma dozou ginn, well dat eppes ass, deem seng Definitioun ëmmer eréischt aus dem Kontext ervirgeet: Wat fir deen een eng Antiquitéit ass, ass fir deen aneren ale Krom. An an engem Dictionnaire steet et jo schonn...--Zinneke (Diskussioun) 19:23, 5. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech géif et och als Synonym betruechte well:
--Soued031 (Diskussioun) 20:29, 5. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]
"Wat elo d'Antiquitéit als "alen Objet mat engem gewësse Wäert" ugeet, sou wäert et do kaum en enzyklopedesche Lemma dozou ginn" - Datt et net grad esou ass beweist e Bléck an déi aner Wikien, do gëtt et esou Artikelen an iwwer 20 Sproochen.--MMFE (Diskussioun) 21:31, 5. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]