Diskussioun:Bluttsëffer (Roman)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" koum am Fréijoer 2021 eraus" ass daat secher?

Den zweeten Deel, mam Titel Ouereschlëffer, kënnt am Fréijoer 2021 eraus. E beschreift den Ënnergank vun där Duerfkultur, an de Joren 1952 bis 2005.
Dat sot de Schuster op de Walfer Bicherdeeg 2020. Soll e gelunn hunn? --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 19. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien, dat sinn d'Contraintë vun der Mataarbechterzuel hei: Well mer zu esou wéineg sinn, ass et net méiglech, all puer Wochen all Artikelen duerchzeliesen an à jour ze setzen. Bei engem relativ 'onwichtegem' (a puncto Artikel-Lieserzuel) wéi deen hei ass et méi einfach, a Kaf ze huelen, e puer Woche laang am 'Futur antérieur' ze sinn, an dono richteg; wéi jorelaang net méi à jour... --Zinneke (Diskussioun) 11:47, 19. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]
Dat ass eng Fassong fir et ze gesinn, mat där ech net sou honnertprozenteg d'accord sinn. Bei all den Zukunfstmuseken hei op der Wiki muss permanent gännert ginn, well Delaien net agehal goufen, da kéint jo sécher op eng net un.
Dann nach zum Prinzip:
Wann ee schreift kënnt eraus da schreift e fir d'Zukunft an d'Ausso ass an deem Sënn jo richteg a bleift och datumgebonne richteg.
Wann een awer schreift koum eraus da läit ee komplett falsch wann den Delai net stëmmt.
Richteg wier et ze nuancéieren. Ech ginn dat dann och lo maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:20, 19. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]
Et gët nach eng aner Léisung, einfach keng Zukunftsmusek maachen, wann et net immens wichteg ass. --Les Meloures (Diskussioun) 13:20, 19. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]