Diskussioun:Cardamine bulbifera

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, dës Planz huet (bis elo) kee lëtzebuergeschen Numm. Mir kënnen se am Lemma also nëmme mat hirem wëssenschaftlechen Numm féieren.

Eng aner Fro ass ob ee fir eng seele Planz, vun där et am Land nëmmen eng eenzeg Lokalitéit gëtt, déi genee Plaz wou se ze fannen ass soll uginn.

Well d'Plaz an enger Dageszeitung genannt gouf - an dat op Ureegung vun de Spezialiste vun natur&ëmwelt hinn -, hunn ech s'och emol hei era gesat. --Cayambe 15:44, 2. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wann een der Planz wëll e Gefale maachen, a se wëll behalen, seet een léifsten net wou se genee steet. --Les Meloures 16:21, 2. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Ok, looss mer léif mat der Planz sinn. Ech hunn déi genee Angab vun der Plaz erausgeholl. --Cayambe 18:23, 2. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]