Cardamine bulbifera

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Cardamine bulbifera
Cardamine bulbifera 030505.jpg
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Capparales
Famill Brassicaceae
Gattung 'Cardamine'
Aart ''Cardamine bulbifera''
Wëssenschaftlechen Numm
Cardamine bulbifera
(Linné) Crantz, 1769

Cardamine bulbifera (de: Zwiebel-Zahnwurz) ass eng Bléieplanz an der Gattung Cardamine an der Famill vun de Brassicaceae (de: Kreuzblütengewächse), déi op zerstreete Plazen a Mëtteleuropa virkënnt. Si ass eng méijäreg Planz a blitt vun Abrëll bis Juni.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Planz gëtt 30 bis 70 cm grouss. Hir Tiisch ass onverzweigt, ënnen ass en heiannsdo mat kuerzen Hoer bewuess, driwwer ass e glat. De Stängel dréit eng ganz Rëtsch Blieder, wouvun déi ënnescht ongrued gefidert sinn, mat jee 3-7 Deelbliedercher; déi iewescht Blieder si méi kleng an ongedeelt.

An de Blatachselen entwéckelt sech jee eng kleng, ee- bis kugelfërmeg brong-violett Zwibbel, déi zirka 3 bis 7 mm grouss gëtt.

De Bléiestand dréit 5-12 Bléien. D'Kielechblieder si längelzeg eefërmeg, zirka 5 bis 7 mm laang. D'Bléieblieder si blatzeg violett bis rosa, méi seele wäiss, an 13 bis 20 mm laang. Nëmme ganz seelen entwéckele sech Scheeke (Friichten) mat zeidegem Som.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Aart verbreet sech haaptsächlech vegetativ, engersäits duerch Wuesstem an Deelung vum Rhizom, anerersäits duerch déi kleng Zwiwwelen (Bulbillen) an den ieweschte Blatachselen. D'Zwiwwele falen am 3. oder 4. Joer vun der Mammeplanz erof a wuesse jiddwereng zu engem eegestännege Spross erun. Well sech nëmme seele Som entwéckelt, spillt déi sexuell Reproduktioun kaum eng Roll.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Cardamine bulbifera wiisst a gemëschte Buchebëscher, dat virun allem op liichten, nierstoffräichen a meeschtens kallekhaltege Biedem.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Cardamine bulbifera fënnt ee vu Mëtteleuropa bis Frankräich, Südengland, Südskandinavien a Südosteuropa. Am Oste kënnt se bis an de Kaukasus vir. An der Groussregioun Lëtzebuerg-Belsch Ardennen an Äifel gëtt et se nëmmen op ganz verstreete Plazen.

Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg kënnt d'Cardamine bulbifera nëmmen op enger eenzeger Plaz vir, dat an engem Säitendall vun der Our nërdlech vu Stolzebuerg. De Site läit am Natura 2000-Schutzgebitt vum Ourdall (dëst Gebitt erstreckt sech vun Ouren am Norde bis erof op Bëttel).

2011 huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt en 1 ha grousse Fiichtebestand nieft dem Buchebësch mat der Cardamine bulbifera-Populatioun opkaft. Et ass geplangt, d'Fiichten ewechzehuelen, fir se ufanks 2012 duerch jonk Buchen z'ersetzen, dat fir der Cardamine bulbifera d'Méiglechkeet ze ginn, hiert Areal dohin z'erweideren.[1]

Zu Lëtzebuerg ass d'C. bulbifera integral geschützt (Règlement grand-ducal vum 19 August 1989).[2]

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

D'Aart gëtt vun engem Deel vun de Fuerscher an eng eege Gattung, Dentaria, gestallt, an dréit dann de synonymen Numm Dentaria bulbifera.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haeupler/Muer, 2000. Bildatlas der Farn- und Blütenpflanzen Deutschlands. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3364-4
  • Oberdorfer, E. 1990. Pflanzensoziologische Exkursionsflora. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3454-3
  • (C.), 2011. Bestehende Population vergrößern. "natur&ëmwelt" fördert Verbreitung der Zahnwurz. Luxemburger Wort vum 30. September 2011, S. 28.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cardamine bulbifera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Luxemburger Wort vum 30. September 2011 an der Literatur hei driwwer.
  2. Cf. d'Lëscht vun de gesetzlech geschützte Planzen