Diskussioun:Christus den Erléiser-Kierch vu Pristina

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vläit eng Kathedral[Quelltext änneren]

Verschidde Quelle soen et wier eng Kathedral, mee ech fanne keng gutt Quelle fir dat ze beleeën.--Bdx (Diskussioun) 17:47, 31. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, fir eng Kathedral bräicht een e Bëschof: Eng Kathedral ass e Bëschofssëtz. Et misst deemno nogesicht ginn, ob et e Bistum Prisitna gëtt/gouf. --Zinneke (Diskussioun) 17:51, 31. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Hunn ech elo grad dragesat; si gehéiert zur Eparchie vu Raška a Prizren, an de Bëschof sëtzt zu Prizren. Ech huelen u wann d'Serben de Krich net verluer hätten, dann wier dat do de Bëschofssëtz ginn. D'Serbe behaapte sech jo nach ëmmer drop datt de Kosovo serbesch wier, an och déi serbesch-orthodox Kierch schléit extrem nationalistesch Téin un, duerfir kann et och sinn dat si Pristina nach ëmmer als (occupéierte) Sëtz ugesäit an de Sëtz zu Prizren nëmmen als temporär, mee dat spillt jo dann och keng Roll. Da loossen mir et bei der Kierch. --Bdx (Diskussioun) 18:06, 31. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]