Diskussioun:Coupe de la Ligue (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lëtzebuerger Football Ligue


Wateree Veräin ass dat wgl.? --87.65.83.203 21:22, 30. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]


Wann e Veräin an der Saison virdrun den Doublé aus Coupe a Meeschterschaft gewonnen huet, spillt en an der Coupe de la Ligue géint den ënnerleeëne Coupe-Finallist.

Wat ass virgesinn wann hien dat selwer ass? --Les Meloures (Diskussioun) 07:28, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
Lies deng Fro nach emol... --87.240.233.192 07:36, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
P.S. Et kann ee physesch gesinn net d'Coupe gewannen an den ënnerleeëne Finallist gläichzäiteg sinn. ☺
Da méi kloer: An der Saison 2000 spillen de Veräin X an de Veräin Y d'Coupe de la Ligue .
de Veräin Y ass den ënnerleeëne Coupefinallist
Wann lo de Veräin Y an der Saison virdrun (1999 also) den Doublé gemaach huet misst e jo da géint sech selwer spillen. Oder net? --Les Meloures (Diskussioun) 08:07, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Et ginn zu Lëtzebuerg zanter 2016 dräi Competitiounen: Coupe, Championnat a Coupe de la Ligue. De Gewënner vun der Coupe spillt an der Coupe de la Ligue géint de Gewënner vum Championnat. Wann e Veräin den Doublé mécht, d.h. Coupe a Championnat, spillt en an der Coupe de la Ligue géint de Finallist vun der Coupe.
Wann de Veräin Y 1999 (Saison 1998/1999) den Doublé gemaach huet, ass d'Coupe de Ligue 1999 (Saison 1999/2000) de Remake vun der Final vun der Coupe 1999 (Saison 1998/1999).
De Saz ass effektiv bëssche bosseg. Coupe de Ligue ass den éischte Match vun der neier Saison, mat de Gewënner vun der Saison virdrun.
Den 31.07.2016 war d'Saison 2015/2016 jo scho längst eriwwer, an deemno schonn den éischte Match vun der neie Saison 2016/2017. —87.240.233.192 08:49, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Alles ass e bësselche konterbosseg an deem Sënn, datt e Match deen op d'Resultater vun der aler Saison opbaut den Optaktmatch vun der neier Saison ass. Et ass jo dann och just e Match, an an deem Sënn keng Kompetitioun wéi déi aner zwou. very special géif den Englänner soen. ☺ --Les Meloures (Diskussioun) 08:59, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
't ass effektiv jhust e Match, ech géif suguer souwäit goen a soen, e Match deen zu Lëtzebuerg kee Schw*** interesséiert. Am Juli zejoert waren nëmmen 250 Spectateuren do. D'Etzella konnt mol fir eng Kéier mat de Grousse pissen, an huet alt en « Titel » gewonn. Just my two cents. —87.240.233.192 09:12, 31. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]