Coupe de la Ligue (Lëtzebuerg)
D'Coupe de la Ligue am Foussball ass eng national Kompetitioun zu Lëtzebuerg a gëtt zënter 2016[1] vun der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL)[2] organiséiert. Déi Coupe gëtt virum Ufank vun der neier Saison tëscht dem Gewënner vum Championnat an deem vun der Coupe de Luxembourg vun der viregter Saison op engem neutralen Terrain gespillt.
Modus
[änneren | Quelltext änneren]Wann e Veräin an der Saison virdrun den Doublé aus Coupe a Meeschterschaft gewonnen huet, spillt en an der Coupe de la Ligue géint den ënnerleeëne Coupe-Finallist. Datt war sou 2016 (US Munneref) an 2017 (CS Fola Esch) de Fall. Bei engem Gläichspill no 90 Minutte geet et direkt an d'Eelefmeeterschéissen, et gëtt keng Verlängerung.
Matcher
[änneren | Quelltext änneren]LFL-Coupe de la Ligue | |||||
Datum | Terrain | Champion | Resultat | Pokalgewenner/-finalist | Arbitter |
---|---|---|---|---|---|
31.07.2016 | Stade Municipal de Rumelange | F91 Diddeleng | 1:0 | US Munneref | Laurent Kopriwa |
30.07.2017 | Stade Jos-Becker, Hostert | F91 Diddeleng | 2:2 / 8:9 n. E.[3] | CS Fola Esch | Sven Bindels |
28.07.2018 | Stade Jos-Haupert, Nidderkuer | F91 Diddeleng | 2:0 | Racing FC Union Lëtzebuerg | Sergio Rodrigues |
20.07.2019 | Terrain ZAC Klengbousbierg, Biissen | F91 Diddeleng | 0:2[4] | Etzella Ettelbréck | Alain Durieux |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn an de Joren 1982 bis 1986 gouf et eng änlech Kompetitioun ënner dem Titel Supercup.
FLF-Supercup | |||
Datum | Champion | Resultat | Coupegewënner |
---|---|---|---|
13.06.1982 | FC Avenir Beggen | 0:1 | US Rumelange |
30.08.1983 | Jeunesse Esch | 3:1 | FC Avenir Beggen |
24.08.1984 | FC Avenir Beggen | 1:4 | Union Lëtzebuerg |
23.08.1985 | Jeunesse Esch | 2:1 | Red Boys Déifferdeng |
28.08.1986 | FC Avenir Beggen | 2:0 | Union Lëtzebuerg |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ La Coupe de la Ligue arrive au Luxembourg. L'essentiel. Gekuckt de(n) 30.03.2020.
- ↑ Eng ASBL déi vun 18 lëtzebuerger Foussballveräiner zesummegesat ass fir de Clibb hir Interessië vis-à-vis vun der FLF ze verteidegen.
- ↑ (lb)Coupe de la Ligue: D'Fola gewënnt no Eelefmeterschéisse géint den F91. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 30.03.2020.
- ↑ (lb)Coupe de la Ligue: Etzella klappt zweet Gard vum F91. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 30.03.2020.