Lëtzebuerger Football Ligue

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Football Ligue
Ofkierzung LFL
Zweck D'Intressie vun der ieweschter Foussballsdivisioun ze vertrieden
Grënnungsdatum 2017
Memberen 18 (± 4)
mat engem Minimum vun 10
Sëtz 59, route de Luxembourg
L-4761 Péiteng

D'Lëtzebuerger Football Ligue ass eng ASBL mat Sëtz zu Péiteng, déi den 21. Mäerz 2017 gegrënnt gouf.

De Veräi besteet aus op d'mannst 10 Memberen aus der ieweschter Spillklass vum lëtzebuergesche Foussball, der BGL Ligue. All Veräi gëtt vun engem vu senge Kommiteesmembere vertrueden. D'Grënnungsmembere waren all d'Veräiner déi 2017 an der BGL-Ligue gespillt hunn.

D'Zil vum Veräi gëtt am Artikel 2 vun de Statute follgendermoosse festgehalen:
L'association a pour objet de protéger et de représenter sur le plan national et international les intérêts des clubs sociétaires de la plus haute division de football du pays en tant qu'entité et de soutenir toute activité quelconque de nature à promouvoir et favoriser directement ou indirectement la pratique et le développement du football au plus haut niveau à savoir l'actuelle BGL-Ligue.

Eng vun hiren Organisatiounen ass all Joer den Optaktmatch vun der neier Foussballsaison, deen ënner dem Numm Coupe de la Ligue gespillt gëtt.