Laurent Kopriwa

Vu Wikipedia
Laurent Kopriwa
Gebuer 14. Dezember 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballschiidsriichter, Steierberoder

De Laurent Kopriwa, gebuer de 14. Dezember 1983, ass e lëtzebuergesche Foussballsarbitter. Hien ass bei der Résidence Walfer lizenzéiert an huet 2001 mam Arbitrage ugefaangen. Haaptberufflech ass hie Steierberoder.

Hien ass zanter 2012 FIFA-Schidsriichter an ass an der UEFA Kategorie 3 klasséiert.

Wéinst Austauscher päift hien och reegelméisseg Matcher an der Proximus League an der Belsch, an der Regionalliga West an Däitschland an an der malteesescher Premier League.

Hien huet bis Januar 2020 méi wéi 145 Matcher an der BGL Ligue an ëm déi 55 Matcher an der Éierepromotioun gepaff.

National Finallen[änneren | Quelltext änneren]

Datum Match Resultat Kompetitioun Spektateuren
31,07.2016 F91 Dudelange - US Mondorf-les-Bains 1-0 Coupe de la Ligue 645
31.05.2015 F91 Dudelange - FC Deifferdeng 03 3-4 n.E. Coupe de Luxembourg 2.566

International[änneren | Quelltext änneren]

Datum Plaz Spill Resultat Kompetitioun giel Kaart giel/rout Kaart rout Kaart
15. August 2012 Reykjavik, Island Island Färöer 2 – 0 Frëndschaftsmatch 4 0 0
21. Mee 2014 Vaduz, Liechtenstein Liechtenstein Wäissrussland 1 – 5 Frëndschaftsmatch 6 0 0
2. Juni 2017 Belfast, Nordirland Nordirland Neiséiland 1 – 0 Frëndschaftsmatch 1 0 0
9. Oktober 2017 Strumica, Mazedonien Nordmazedonien Liechtenstein 4 – 0 Qualifikatiounsmatch UEFA Weltmeeschterschaft 2018 4 0 0
11. November 2017 Saint-Leu-la-Forêt, Frankräich Komoren Madagaskar 1 – 1 Frëndschaftsmatch 6 0 0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]