Diskussioun:Dauschkaul (Luerenzweiler)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Odonym vun enger Strooss an der Gemeng Luerenzweiler.

Wou soll déi Strooss wannechgelift sinn. D'Post kennt se net an de Geoportal och net. --2A02:A03F:A199:6C00:D9F2:D8E1:7B41:DD59 21:31, 19. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Wou d'Strooss ass, weess ech leider net, mä de Registre national des adresses kennt se awer: Gitt emol „Dauschkaul“ an der Sich an. GilPe (Diskussioun) 16:59, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Wëssen déi da wou se ass oder kennen déi se nëmme well se d'Lieu-dite mat Strossennimm gläichsetzen. --2A02:A03F:A199:6C00:98B6:2C5C:5B9A:30FE 17:31, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Ech weess net, wat se wëssen, mä dat wat se wëssen, kréie se ë. a. vun der Gemeng gesot: Hei fënnt een eng Rei Erklärungen. Fir méi ze wëssen, kann ee bestëmmt beim Kadaster an/oder der Gemeng nofroen. – GilPe (Diskussioun) 17:53, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]


Da fro mol dem Kolleeg Guggel seng Mäps - déi kennen d'Strooss Dauschkaul --Sultan Edijingo (Diskussioun) 19:04, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien Sultan Edijingo,
Dat wat als Dauschkaul um Gugglmäps steet ass d'Cité Roger Schmitz. Um Stroosseschëld steet näischt vun Dauschkaul. Nie vergiessen datt de Guuggle Mäps grad sou Artisten huet wéi d'Wikipedia déi nëmmen drop lass schreiwen. Ech hunn ëmmer geduecht hei géifen déi Leit déi eppes schreiwen dat gewëssenhaft nokontrolléieren.
--2A02:A03F:A199:6C00:9D5F:1C41:6128:65E5 21:27, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Ps. An ass Odonym net d'Office den Numm vum enger Strooss oder Plaz? --2A02:A03F:A199:6C00:9D5F:1C41:6128:65E5 21:27, 8. Mee 2022 (UTC)[äntweren]


Wann een ordentlech an deem Nationalregëster kuckt da gesäit een datt deen eng ganz Partie Stroossen huet déi Maison heeschen. Idem eng ganz Partie Uertschaftsdeeler am Éislek wou et keng Stroossenimm gëtt (z.b. Kiirchermillen) Déi hunn eeben nëmmen eng Kolonn fir alles wat se wëllen ënnerdaach bréngen, an deemno kee Beweis derfir datt et eng Strooss mat deem Numm tatsächlech gëtt. --2A02:A03F:A199:6C00:9D5F:1C41:6128:65E5 10:42, 9. Mee 2022 (UTC)[äntweren]