Diskussioun:Edsun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dee muss e phenomenale Verhalt hunn. En erënnert sech u Saachen ier hie véier Joer hat. Fantastesch. --87.65.83.203 10:19, 14. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Genausou fantastesch wéi anonym domm Kommentaren op Wikipedia ze hannerloossen :) Bdx (Diskussioun) 15:49, 14. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Fënns de wierklech datt sou eege Geschichten enzyklopedesch fiabel sinn. --87.65.83.203 16:10, 14. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Bis hie véier Joer al war haten dem Edson seng Elteren e Café, an deem hie vu klengem u reegelméisseg op den Dëscher gedanzt huet
Fir méch seet dat aus datt hien da schonn éier hie 4 Joer hat (eventuell nëmmen 2 oder dräi) op den Dëscher gedanzt huet an datt e sech dorun erënnere kann . Iwwer sou Aussoen an enger Enzyklopedie kann een nëmmen de Kapp rëselen. --Puscas (Diskussioun) 08:31, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Ma Kanner, wann dir et besser wësst, dann ännert et eben! Dat ass eng Ausso fir ze soen, datt hien als Klengkand scho gedanzt huet, baséiert op engem Interview, a fir datt am Artikel net nëmmen Zuele stinn. Ech hu kee Problem domat, wann dir fannt, datt iergendwou eppes soll geännert ginn, mee et muss een dat nët ëmmer wéi dir zwee op eng toxesch Aart a Weis maachen, soss kritt dir vu mir och eng domm Äntwert. Also, meng léif Leit, déi nächst Kéier, amplaz ze schreiwen "Dee muss e phenomenale Verhalt hunn. En erënnert sech u Saachen ier hie véier Joer hat. Fantastesch" oder "Iwwer sou Aussoen an enger Enzyklopedie kann een nëmmen de Kapp rëselen" kënnt dir och schreiwen: "Ech fannen, dat dee Saz net an e Wikipediaartikel gehéiert an dat et besser ass wa mir en eraushuelen oder ëmformuléieren". Dat ass net esou schwéier, oder? Ech weess, ech muss do och heiansdo nach een Effort maachen. Mee ass et net komesch, datt egal wéini ech iergendeppes schreiwen, eng anonym IP kënnt a mech harceléiert? Mat passiv-agressive Statements, an net mat konstruktiver Kritik oder Proposen, wéi een et ka besser maachen. An ech hunn ee ganz staarke Verdacht, wien dohannert stécht. Ech mengen, fir déi, déi hei aktiv sinn ass et och net schwéier et sech ze denken. Bdx (Diskussioun) 09:01, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Et ass um Auteur seng Aussoen esou ze formuéieren datt de Lieser hinnen de richtege Wäert bäimoosse kann a sou richteg verstane kënne ginn, an net op eng Manéier datt se als enzyklopesch Wourecht opgefaast kënne ginn. --Puscas (Diskussioun) 09:16, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Mee elo schwätzt du jo vun eppes anerem. Et ass jo eng Wouerecht, do steet jo net, datt déi Persoun sech erënner kann. Dat ka jo och dokumentéiert sinn (gefilmt oder fotograféiert), oder duerch deemoleg Erwuessener erzielt sinn. Ech hunn däi Punkt esou verstanen, datt en net an den Artikel gehéiert. Fair enough, mee dat ass deng Meenung, dann ass et och un dir et ze änneren. Dem Auteur (meng) Ausso ass korrekt, si gefält dir just net. Bdx (Diskussioun) 09:29, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Et baséiert awer op dëser Ausso: I remember that from age 0 to 4 my parents had a pub in which they had music events every now and then. I remember being put on tables and dancing while everyone was cheering.
déi iwwer näischt kontrolléiert ka ginn, et sief et wiren Zeien dofir do. E seet mol net wou dee Bistrot war. Dat kann hie soen, däerf awer enzyklopesch net als boer Mënz opgeholl ginn. Geschichten déi ee vu sech selwer erzielt sinn an Enzyklopedien weder eng Referenz nach eng korrekt Ausso ausser et seet e kloer am Text datt dat no senger Ausso ass. --Puscas (Diskussioun) 09:51, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]