Diskussioun:Eenelter Kapell

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Schonn zanter 1824 gëtt de Flouer, ëm d'Kappell an déi kleng fréier Uertschaft, op de Kadasterpläng an op den topographesche Kaarte mam Numm Elenter gefouert. Wouhir kënnt den neien Numm? Huet do een eng Ahnung? --Les Meloures (Diskussioun) 08:56, 19. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Als klengen Zousaz zum Les Meloures senger Feststellung: Am Mëttelhéichdäitschen heescht "ellende" souvill wéi "wäit ewech vun doheem, (an der) friem(t)", wat am Zesummenhang mat enger Klaus, déi do war, duerchaus Sënn maache géif... --Zinneke (Diskussioun) 13:04, 19. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
De Kadaster schéngt déi Kéier net geschichtlech ënneriicht ze sinn. D'Uertschaft Einelter gëtt am Bertels senger Historia Luxemburgensis Seu Commentarius etc etc ... ernimmt. A wéi d'Fransousen zu Lëtzebuerg Meeschter waren gouf Einelter als annexe de Reckingen am Kanton a Gemeng Miersch am Arrondissement Lëtzebuerg gefouert. (Quell:Dictionnaire universel, geographique, statistique, historique et politique de la France) --Les Meloures (Diskussioun) 15:35, 19. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Nach ee fonnt deen och Einelter seet: Den Dictionnaire géographique et topographique des treize départements qui composaient les Pays-Bas autrichiens, Pays de Liège et de Stavelo; les Electorats de Trèves, Mayence et Cologne, ... Juliers, Guildre, Clèves ... réunis à la France

Als Ergänzung zu Einelter:


Zu Deifferdeng Paar Uewerkuer as angeschriewen :

Petrus STAUDT, ex Einelter, † 19.02.1741 zu Deifferdeng, bestied am Juni 1703 (06.1703) an der Stephanuskiirch vun Uewerkuer Anna Maria ROLLET vun Deifferdeng ,gedeeft den 23.05.1680 zu Uewerkuer, Deifferdeng vun Deifferdeng.

Einelter war also demols eng kleng Uertschaft wei sou vill der am Land.

Get et do vielleicht nach anner Persoune aus dem Lieu?

Quelle: Buch mat eichter Auswertung zur Paar Uewerkuer1637-1814 vum Armand Logelin Simon

Am Juni 2015 erschengt eng iwerschafften nei Versioun vun desem Buch ,dei ech selwer an enger digitaler BAse opgeschafft anzesummen   
        gefouert hun.