Diskussioun:François Heldenstein (1820-1907)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

An der Infobox steet: “Wann Dir eng selwer gemaache Foto zu dëse Sujet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da klickt hei fir s'eropzelueden”. Wéi mecht een “eng selwer gemaache Photo” vun enger Persoun, déi 1907 gestuerwen ass? --Jamcelsus (Diskussioun) 22:31, 21. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Wa mer allgemeng giffe froen, d'Leit sollen eng "fräi" Foto eroplueden, da weess ausser de Wikipedianer kee wat dermat gemengt ass a mer kréie stänneg onfräier geliwwert. Mee du hues scho Recht, bei laang Verstuerwene Leit kéint een dee Risiko agoen - do klëmmt en plus d'Chance, eng Foto ze kréien déi mëttlerweil an den Domaine public gefall ass. Ech hunn de Code vun der Schabloun mol geännert fir datt e beim Heldenstein soll eng fräi Foto a keng selwergemate froen. Mee ech sinn net sécher op mäi Code fonctionnéiert well ech et net fäerdegbréngen d'Joer aus dem rescht vum Datum z'isoléieren. --Otets ♣ 19:27, 22. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Et ass ganz einfach fir Fotoen ze kréien. Et misst ee mat Organisatioune schwätzen déi eis der fräiwëlleg ënner fräier Lizenz "ofginn" fir datt mer se herno eroplueden (wat Wikimedia Däitschland scho gemaach huet). Ech kenne keen deen hei Leit sicht déi keng Foto hu fir eng Foto ze maachen (och net bei eisen Uertschaften). Wann s du onbedéngt wëlls wësse wéi eng vun eise Säiten keng Fotoen hunn dat geet och ouni dat mam Foto feelt (an do fënns du souguer all Lëtzebuerger), an zwar mat dat wat der de Les Meloures ginn huet. Sou Tricke gi scho vun aner Wikie benotzt: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:WikiProject_Women_in_Red/Missing_articles_by_nationality/Luxembourg . Apropos "Eroplueden", déi Infobox hat am Ufank dat mam "Eroplueden". Et ass séier dem Les Meloures opgefall dat et Leit gi wou dat mam "Eroplueden" kee Sënn ergëtt an dowéinst gouf et aus der Këscht nees erausgeholl. Wat sécher misst diskutéiert gi wa mer eis erëm gesinn ass wat fir Informatioune solle bei wat fir Leit stoen ;), da ka sou eppes net nees geschéien. --Soued031 🐻
Wann eppes bei verschiddene Leit net hëlleft, da verhënnert dat jo net datt et bei aneren eppes dingt. Den Hoffes stierft als lescht, dowéinst gesinn ech trotz allem e Sënn doran d'Leit opzefuederen eng Foto eropzelueden. Mäi Code schéngt iwwregens ze fonctionnéieren, ech si selwer erstaunt. Däi Link huet mech dozou inspiréiert, en Artikel ze schreiwen, et ass alt dat, also gutt gemat! Dovun ofgesi misst ech effektiv nach selwer gemate Fotoe vu bekannte Leit an der Spënnchen hunn, mol kucken op ech dëse Weekend dofir Zäit fannen. --Otets ♣ 20:59, 22. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]