Diskussioun:François Schanen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Aarbecht a Wierk net liesbar[Quelltext änneren]

D'Sectioun Aarbecht a Wierk ass einfach onliesbar! Kann een déi net vereinfachen, restrukturéieren oder op iergend eng aner Manéier méi lieserlech ëmänneren?

Bis elo huet nach kee Problemer mat deem Text gehat. Ass et net e bëssen "einfach" vun engem Text ze behaapten, e wier "onliesbar", e Wuert dat mer am Lëtzebuergeschen iwwerhaapt net hunn. "Iwwer Adjektiver mat -bar

Et wier méi praktesch, mee mir hunn ausser "dankbar" "wonnerbar" a "scheinbar" kaum Adjektiver mat ...bar; essbar = fir z'iessen beschreibbar = fir drop ze schreiwen -- ausziehbar = fir erauszezéien" (aus Wikipedia:Eis Schreifweis ). Ech hat kee Problem mat deem Text. Wann een en Text net liese kann, muss et dofir um Text leien? --Cornischong 19:14, 11 Juli 2007 (UTC)

Liesbar, lieserlech, petéitous, petatous. Säit wéini ass et wichteg, dass och d'Diskussiounen op Stacklëtzebuergesch geschriwwe musse ginn? Dobäi kann ee "liesbar" op Lëtzebuergesch googlen. Comme quoi, dass e Besoin fir dat Wuert do ass. Sief. Déi englesch Säit vum Noam Chomsky kéint e gutt Beispill sinn: dëse Linguist huet vill erreescht an trotzdem ass d'Säit a mondgerecht Deeler geschriwwen. Vun der IP 213.143.18.23


Gudde Moien emol fir bei der Héiflechkeet ze bleiwen déi schonns sou dacks kritizéiert gouf.

Just eng kleng Bemierkung fir Leit déi verschidde Sachen net liesbar fannen oder och aner Kritiken un Artikelen ze maachen hunn.

Den Artikel François Schanen ass en zimmlech kompletten Artikel, mat sou alles dran wat de Mann bis elo gemaach huet. Esou Artikele kaschte vill Zäit fir nozesichen, an dobäi ass Feldarbecht verlaangt. Déi puer Leit déi hei matschaffen gi sech all Méi fir eppes op d'Been ze stellen. Wann elo ee méngt an engem Artikel wier eppes net gutt, da steet et deem fräi fir et besser ze maachen. Dat ass de Wikipediaprinzip.

Wann d'Wikipedia op Lëtzebuergesch mol eng Kéier 50 aktiv Mataarbechter huet wäerte mer och vläicht Zäit kréien fir ons e bësselche besser ëm d' Layouten ze bekëmmeren.

Wann ech gesinn datt a Lexikonen déi richteg Soue kaschten, Feeler stinn, an ech se awer bezuelt hunn, dann hunn ech eng Ursaach fir mech ze bekloen, kréien awer duerfir kee Frang erëm.

Dat Getalks hei kascht och just ërëm Zäit a verbessert guer näischt un der Saach. Dofir wann der eppes net gutt fannt, huelt äere Courage an zwou Hänn a probéiert selwer fir et besser ze maachen. All Hëllef ass wëllkomm. Les Meloures 11:15, 13 Juli 2007 (UTC)

Stacklëtzebuergesch[Quelltext änneren]

"Säit wéini ass et wichteg, dass och d'Diskussiounen op Stacklëtzebuergesch geschriwwe musse ginn?": Wat ass "Stacklëtzebuergesch "? Bis elo ass hei op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Op wat solle mer dann hei schreiwen? Dat Gesabbels geet op alle Fall mär sou lues op den Déngen. Wann een et net fäerdegbréngt, seng Reklamatiounen op Lëtzebuergesch schrëftlech auszedrécken, wieren e puer Stonne Lëtzebuergesch ugeroden. " Déi englesch Säit vum Noam Chomsky": Wat ass domat gemengt? "Déi" englesch Säit? Mär geet dat Genurrels elo duer. --Cornischong 11:37, 13 Juli 2007 (UTC)

Nationalitéit[Quelltext änneren]

No senger Franséischer Naturalisatioun (1969/1970) huet hien eng Maîtrise an e CAPES d'allemand etc.

Wat huet seng Naturalisatioun mat senger Maitrise ze dinn. ???? A wat ass e CAPES --91.180.96.39 16:59, 8. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

1969/1970 konnt e Student a Frankräich sech nëmmen fir de Concours National vum CAPES (Certificat d'Aptitude Professionnelle à l'Enseignement Secondaire) a vun der Agrégation aschreiwen, wann en déi franséisch Nationalitéit hat. Ausserdeem huet de François Schanen am Februar 2018 no deem neie Lëtzebuerger Nationalitéitegesetz beim Ministère de la Justice e CERTIFICAT DE NATIONALITE LUXEMBOURGEOISE ugefrot, deen hien och de 07./02./2018 ausgestallt krut. Hien huet also déi duebel Lëtzebuergesch a Franséisch Nationalitéit (François Schanen)

Merci fir déi Informatioun. Dat soll dann am Artikel fir jiddweree vertändlech duergestallt ginn, an net sou lapidar wéi dat fir den Ament de Fall ass.
an Fro war: Wat huet seng Naturalisatioun mat senger Maitrise ze dinn.
Wann ech dat da richteg vestinn huet d'Maitrise eigentlech näischt dermat ze dinn??? --- Dach, d'Maîtrise war en Diplom, deen op d'Agrégation virbereet huet. Ouni déi franséisch Nationalitéit konnt en auslännesche Student net méi weider studéieren ...
De François Schanen huet seng Primärschoul an Däitschland zu Bremke an zu Schengen gemaach.
Wateree Bremke ass hei gemengt? Et gëtt där méi an Däitschland. --91.180.96.39 07:41, 10. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Dat Bremke läit an Thüringen: vläicht wësst Der och, datt deemools vill Lëtzebuerger evacuéiert waren: (lapîdar gesot: Et war Krich ...

Jo merci ech war selwer net derbäi, mä meng Grousseltere waren a Schlesien ëmgesidelt (Wat war dann de Status vun ''Evacuéierten an Däitschland? Dat wier intressant fir dat ze wëssen, vläicht feelt hei en Artikel doriwwer) , a mäi Papp war Zwangsrekrutéierten op der Ostfront an duerno 2 Joer russesche Gefaangenen, an de Grousspapp war am 1. Weltkrich Friemelegionnär bei de Fransousen an dofir 1940 e puermol an der Villa Pauly zesummegefuppt ginn. (Ech brauch do keng Lektiounen ze kréien).
Et gëtt 2 Uertschaften an deem Ëmkrees déi Bremke heeschen, wouvu vläicht eng déi richteg ass:
Bremke an der Gemeng Gleichen
Bremke, an der Gemeng Halle


Mä dann zur Nationalitéit nach eng Kéier méi däitlech, well wéi et schéngt gouf d'Fro net richteg verstanen:
Huet ee misse Fransous sinn, fir eng Maîtrise däerfen ze maachen oder war et eng Konditioun fir no der Maîtrise eng Agrégation ze kréien? --91.180.96.39 09:49, 10. Mee 2018 (UTC)[äntweren]