Diskussioun:Franz von Hoiningen-Huene

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Pour rappel: Och wann de weltberühmte Mister Wikipedia, Absolvent vun enger Bamschoul an domat allwëssend, beluegt Fakten, déi himm net passen, aus den Artikele sträicht (virwat och ëmmer, mee 't wier intressant dat rauszefannen), dem Hoiningen seng Fra, gebuer Mia de la Fontaine, war aktive Member vun der NS-Frauenschaft zu Lëtzebuerg. Wéini de Freiherr selwer, dee jo zënter 1933 Member vun der NSDAP war, seng Meenung iwwer den Hitler geännert huet, ass net kloer beluecht. Soulaang hien an der Stad Chef vum Laissez-passer-Bureau war, huet en iwwregens nëmmen dat gemaach, wat vu senger Hierarchie erwaart gouf: de jiddesche Bierger hëllefen Europa ze verloossen... fir se lass ze ginn. Spéider koum et anescht, mee bis 1941 inkl. war nach keng radikal "Endlösung" décidéiert ginn. An anere Wierder: den Hoiningen ass vläicht guer kee groussen Held, mee éischter een nach ze wéineg bekannten Acteur vun enger grousser Tragédie. Seng Heemrees, iwwregens, zu engem Moment wou zimlech iwwerall an Däitschland gekämft gouf an domat grousse Chaos virgeherrscht huet, ass méi wéi mysteriéis; an datt weder hien nach seng Fra nom Krich vun der Epuratiounkommissioun ausgefrot goufen, gëtt vill ze denken... - Gréiss, V.B.


Dem Hoiningen seng Fra, gebuer Mia de la Fontaine, war aktive Member vun der NS-Frauenschaft zu Lëtzebuerg.
Wou steet dat? du klenge Frechdacks a Feigling --Les Meloures (Diskussioun) 09:16, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Feigling? Wann een ouni valabel Kenntnësser Informatioune manipuléiert oder sträicht, dann ass een net grad berechtegt aneren esou Qualifikativen unzehänken. Lo zur Saach: de Fr. Heisbourg huet dat alles a sengem Buch geschriwwen. Virwat sollt ech eppes aneschters behaapten, wéi dat, war ee seriöse Mënsch recherchéiert huet? Dir schéngt awer d'Objektivitéit ze fäerten, an alles wat iech afällt, ass stäichen a späeren (vgl. dem Xav. Bettel seng Säit: do dierf een net gewuer ginn, anescht wéi an der de.wiki oder an der fr.wiki, datt dee Mënsch och mol gefuddelt huet - Stéchwuert DEA). Traureg! - V.B.
------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------ 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 09:56, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]


Wou steet dat vun der NS-Frauenschaft am Heisbourg sengem Buch. Mat der Säit uginn wgl. --Les Meloures (Diskussioun) 10:17, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Kaaft iech d'Buch, ech hunn et zréckginn a kann nëmmen op meng Notten zréckgräifen. - V.B. 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 10:27, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Ech hunn d'Buch an do fannen ech dat eeben net. Dofir froen ech.
Dann nach eppes:Den Heisbourg selwer beschreift en ettlech Sache falsch. Wann een nëmmen e bësselche beim Liesen iwwerleet da fält engem dat op. --Les Meloures (Diskussioun) 10:43, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Just ee Beispill: A la mi-septembre le débit de la Moselle est au plus bas. An dann duerno:Porté par un courant complice. Dat widdersprécht sech. Wann Musel niddreg ass ka se keng Stréimung hunn déi e Mënsch dréit, well dann huet se nëmmen 20 cm Waasser- Dovun offgesinn hat se guer kee klengen Débit. An alle Rapporten vun der amerikanescher Arméi déi z.B. vun der Schluecht bei Metz an anere Reiwereien op der Musel, steet datt d'Musel wéinst vill Reen héicht Waasser hat.
E geheit och déi däitscht Muselgemengen duercherneen. ---Les Meloures (Diskussioun) 12:33, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
-------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Dir läit vollkomme richteg: de Fr. Heisbourg ass net grad zouverléisseg 1° wat eis Geschicht an 2° wat verschidde geographesch Détailler ugeet (ech hunn dat mam Duerchwate vun der Musel bei Thorn och éischter komesch fonnt). A seng pseudo-philosophesch Iwwerleeungen iwwer Gutt an Iwwel, zum Schluss vu sengem Buch, sinn e wéineg mat den Hoer erbäigezunn. Mee dat, wat en iwwer de Freiherr an iwwer deem seng Famill seet (zimlech am Ufank vum Buch), dat kann net aus der Loft gegraff sinn. Dat mat der Memberschaft vu senger Fra an der NS-Frauenschaft steet do, wou de Freiherr présentéiert gëtt (Originne, Carrière, Bestiednes asw.). Dat misst dir dach liicht rëmfannen. Soss, loosst mer e wéineg Zäit.
Dat gesot, de Fr. Heisbourg ass net ganz neutral: hie schéng een Zil ze verfolgen, an zwar z'erreechen, datt den Hoiningen, dee säi Papp no Frankräich lafe gelooss hat, zu engem Juste proklaméiert gëtt, firwat och ëmmer (allerdéngs schreift de Fr. H. selwer, datt hien, grad wéi säi Brudder a wéi seng Schwëster, mat enger jiddischer Persoun bestuet ass, an dat kéint den Ufank vun enger Erkläerung sinn), well eng authentesch Rettungsaktioun ass net grad liicht ze beweisen: wéi en nämlech zu Lëtzebuerg Chef vum Laissez-passer-Büro war, bis 1941, huet en am Fong nëmmen dat gemaach, war vun himm erwaart gouf: d'Judden aus dem Land kréien; an dofir huet hien dann och déi néideg Pabeieren ofgestempelt. Seng Antipathie fir den Hitler koum vläicht réischt am Laf vun der Zäit op, wéi d'Wehrmacht no an no iwwerall zréckgedrängt gouf, a wéi déi héich Offizéier, besonnesch déi aus engem traditionnelle milieu (wéi den adelen Hoiningen), net méi tatenlos wollten nokucke, wéi hir Heemecht komplett zerbommt gouf a wéi weiderhi grouss Verbriechen (-> Shoah) am Numm vum däitsche Vollék begaange goufen. Ech wier frou, wann dir d'Säit nees op meng lescht Versioun géift restauréieren, da kann ee weider dru verbesseren (an et gëtt sécher nach aner Wiki-Frënn wéi dir an ech déi eventuell hire Bäitrag kënne leeschten). Gréiss, V.B.
------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------- 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 16:35, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]


De Franz von Hoiningen, deen um Enn vum Krich angeblech der Offizéischkonspiratioun géint den Hitler nostoung, hat mol seng Meenung iwwer den Hitler u Kolleege verroden, eppes, wat vun enger Drëttpersoun gehéiert gi war, sou datt e kuerz dono vun der militärescher Polizei festgeholl gouf. Wéint enger aler Bauchwonn aus dem Éischte Weltkrich, gouf e wochelaang, ënner sengem Offizéieschstatut, am ... etc.
Dat kënnt eriwwer wéi wann hien um Enn vum Krich hätt solle festgeholl ginn. Dat stëmmt awer net. An enger Enzyklopedie sollen Duerstellunge kloer sinn. D'Chronologie soll kloer erkennbar sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:21, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
U Kolleege verroden ... Sou wäit wéi ech erausfonnt hunn, hat hien nëmme mam Bruno Peyn iwwer seng Meenung geschwat. Dat wier dann ee Kolleeg. --Les Meloures (Diskussioun) 18:40, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Dat mat der Memberschaft vu senger Fra an der NS-Frauenschaft .... etc.
Am ganze Buch ass ni vun der NS-Frauenschaft Rieds. Do steet si wier Trésorière vun der Landesgruppe Luxembourg vun der Ausländerorganisation gewiescht. Dat ass eng aner Organisatioun wéi d'Frauenschaft. Den Heisbourg schwätz dann dommerweis och nach vun der Cinquième colonne déi alt rëm nees näischt mat deenen zwou virgenannten ze dinn hat. --Les Meloures (Diskussioun) 17:40, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Am Buch stett och net datt en zu Bréissel am Service fir Visae war. --Les Meloures (Diskussioun) 17:40, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
OK, ech muss mer d'Buch nees besuergen an nokucken, wat genee dra steet. Datt d'Mme von Hoiningen Trésorière asw. war, wier awer liicht ze verbessere gewiescht (jiddefalls war sie an enger NS-Organisatioun, an dat ass net banal fir eng wuelgebuere Lëtzebuergerin).
Fir de Rescht: am Fr. H. sengem Buch gëtt kloer gesot, datt den Hoiningen vun der militärescher Justiz un déi "normal" Justiz weidergereecht sollt ginn (oder verwiesselen ech mat deem, wat ech am Summer 2019 an enger rezenter Biographie vum faméise Chirurg Sauerbruch gelies hunn?), an dat, wéi d'Russe scho rondrëm Berlin stoungen. Wéi och ëmmer, dat ka gekläert ginn. Am Fr. H. sengem Buch steet, datt den Hoiningen an engem Restaurant mat aneren Offizéier zesumme souz (wou ka liicht nogekuckt ginn), an datt en e wéineg ze haart verbal iwwer den Hitler hiergefall ass, wat vun onerwënschten Ouere gehéiert gouf. Iwwregens, datt den Hoiningen no Lille och zu Bréissel war, hunn ech net gedreemt, awer et ass méiglech, datt en do aner Funktiounen hat wéi zu Lille, an och dat wier liicht nozekuchen: et steet am Fr. H. sengem Buch. Wat lo nom Fr. H. ënner 'Cinquième colonne' ze verstoen ass, kann ech am Moment net soen (ech hunn d'Buch net bei Hand). Dat gesot, dem Fr. Heisbourg säi Buch ass sécher kee Meeschterwierk (an den Index ass komplett falsch: sämtlech Säitenangabe si beim Layout "verrutscht"). Et goung dem Auteur drëms, d'Geschicht vu sengem Papp ze schreiwen, deen angeblech vum Hoiningen d'Liewe gerett krut. De Freiherr wollt awer vläicht nëmmen den onbequeeme [Pappa in spe] Heisbourg a säi Kolleeg lassginn (se ware jo just eng Plo fir d'Besatzer). Mee de Fr. H. verherrlecht déi ganz Story, souwéi och dem Freiherr seng genee Roll, inklusiv de Judde géintiwwer. - V.B. 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 19:27, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]


Et steet villes am Buch vum Heisbourg an op anere Plazen a ka liicht nogekuckt ginn. Mä dat wier d'Aarbecht vun deem deen den Artikel schreift, amplaz datt Verwurrreltes opgedëscht gëtt. Dat entschëllegt net, datt et hei falsch a perséinlech nuancéierten Interpretatiounen opgefouert ginn. A wéi war dat da scho méi mam De Gaulle sengem Grousspapp. Do war och eng Kloerstellung gefrot.
Iwwregens sou Saache wéi korrekt Rapporten ze maachen léiert een och a denger sougenannter Bamschoul, wat iwwregens och e falschen Ausdrock ass. Sou héichgebilt Leit wéi s du sollte schonn den Ënnerscheed tëscht enger Forstschoul an enger Bamschoul kennen. A wann ee mengt do bräicht een näischt ze wëssen an ze léieren dann huet dee sech fatzeg geiert. Dat nëmme just zu dengen ënnerschwellegen Denigratiounen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:49, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Äre leschte Message huet net vill mat Diskussioun ze dinn a fällt total aus der Rumm (wat soll iwwregens d'Allusioun un den De Gaulle?). Mee ech gi gär zou, datt een sech kann ieren. Allerdéngs gëtt et Leit an der lb.wikipedia, an do gehéier dir dozou, déi net gären diskutéieren, mee prompt ausfalend ginn a läschen amplaz ze verbesseren. Alles anescht kënnt dann als Konsequenz vun deem onglécklechen Ufank ärersäits. Ech hu ganz vill Respekt fir Fierschter, weess och datt se keng Trëllerte sinn. Mee, wéi gesot, wann ee Wikipedianer sech donieft behëllt, da kënnt et aus dem Bësch ërem, wéi an de Bësch era geruff gouf. Hieft méi Vertrauen an déi fräiwëlleg Mataarbechter, sidd hinne wuelgesënnt, da spuere mer äis vill Stäit a Frechheeten... a mer bréngen déi lb.wikipedia weider. Oder intresséiert dat iech net? - V.B. 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 20:33, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
Mech intresséiert dat wat all Wikipedianer soll intresséieren, nämlech eng korrekt Duerstellung am enzyklopedesche Stil, mat liesbare Sätz, déi direkt kloer ze verstoe sinn ouni perséinlech Nuancéierungen oder Interpretariounen, mat korrekte Linken a Referenzéierungen déi dann och sollen am Wikipediastil ugeféiert ginn (wat s du nach ëmmer net bekäppt hues) . An d'Bamschoul hues de scho méi wéi eng Kéier geruff, deemno koum da lo mol eng Bemierkung derzou. Du hues scho genuch perséinlech Uspillungen a Frechheeten hei gemaach.
Am Artikel de Gaulle gouf mol dat hei geschriwwen: Do konnt säi Jong nach Affekot ginn ier en ënner dem Napoléon nach just eng Plaz an der Feldpost vun der Grande Armée hat. Do war mol gefrot wat mat der Nuance just soll gemengt sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:52, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]
PS: Natierlech ka jiddweree sech ieren awer Referenzen uginn fir eppes ze beleeën wat net sou do steet, kann een net als Iertum bezeechnen. Sätz schlecht liesen an déi da falsch hei erëmginn ass och net als Iertum ze beezeechnen. Heiansdo froen ech mech ob et wierklech net besser geet oder ob s de dat express méchs. --Les Meloures (Diskussioun) 20:57, 30. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]