Diskussioun:Frichë vun Esch-Belval

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Allgemengen Iirtem[Quelltext änneren]

Mer schwätzen ëmmer nees vun Esch-Belval an dobäi läit Belval zu 80% um Terrain vun der Gemeng Suessem an ass en Deel vum Bann Bieles. Wéi d' Adolf-Emil-Hütte vun der ARBED iwerholl gin ass, krut dat Wierk den Numm ARBED-ESCH-Belval. Do schéngt mer den Urspronk ze si vun der Mengjeng, de Belval wir Escher Terrain. Et wir also, mengen ech emol, méi korrekt, mer géife vun de Friche vum Belval schwätzen, an äis dofir staark maachen. arachnaeus 17:39, 1. Abr. 2011 (UTC)
PS: dat ei ass keen, ech schreiwe keen Abrellswitz. arachnaeus 17:48, 1. Abr. 2011 (UTC)

Mat enger Fläch vun ronn 170 ha um Territoire vun der Gemeng Esch a ronn 90 ha op der Gemeng Bieles dierft déi Behaaptung wuel kaum stëmmen. --Les Meloures 21:07, 1. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien arachneus,

Du hues d'Saach richteg verstanen: Well "Esch-Belval" den Numm vun der Schmelz war, ass d'Friche vun der Schmelz eben och Friche (oder Frichen) vun Esch-Belval genannt ginn. Wann s de de Begrëff "Friches Esch-Belval" guggels, fënns De dosende vu Referenzen. Den Artikel hei ass ze soe mam Site gewuess, virun 3-4 Joer stung ausser der Rockhal an der Dexia jo näischt do, an et war net vill méi wéi eng Friche. Natierlech läit dee westlechen Deel vum Terrain, dee vum Masterplang ofgedeckt ass, um Territoire vu Suessem (woubäi d'Grenz onméiglech verwurrelt ass, warscheinlech fréier emol eng Baach, déi do gelaf ass). Dat steet jo och am Aleedungssaz vum Artikel, an d'Kategorie vun allem, wat do repertoriéiert ass, leed virun op "Gemeng Esch-Uelzecht" a "Gemeng Suessem".

Konkret meng Fro: Wéi sollt den Artikel denger Meenung heeschen? "Frichë vun der fréierer Schmelz Esch-Belval zu Esch-Ulezecht a Suessem" (e bësse laang fir e Lemma..) Einfach "Belval"? Do brauche mer eng Homonymie-Säit, well där Belvalen ginn et der méi. "Frichë vu Belval" (mee sinn et iwwerhaapt nach Frichen?) "Belval (Esch-Uelzecht a Suessem)"? "Belval (Lëtzebuerg)"? Ech si fir Virschléi op.--Zinneke 21:43, 1. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech nach eng Kéier. Ech mengen déi 2 Begrëffer, je no Kontext, hunn hir Berechtegung: "Frichë vun Esch-Belval" (virun 3-10 Joer) a "Site Belval" (ablécklechen Zoustand). Et bleift awer weiderhin en Hybridwiesen: Kee Quartier (déi heeschen, je nodeem, "Universiéit", "Belval-Nord" a "Belval Süd") keng Uertschaft fir sech, da ginn et nach déi "urbanistesch" Konschtnimm wéi "Hèichiewenterrass" oder esouguer "Square Mile" (wishful thinking); an dann nach dee glungene Genus "de" Belval ... loose mer déi Saach emol nach mautschen, bis sech dat méi dekantéiert huet. --Zinneke 21:54, 1. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Lemma: Keng Friche méi[Quelltext änneren]

Moien, dëst Joer geet d'Uni op Belval op, an dat wier spéitstens de Moment, d'"Friche" aus dem Lemma erauszehuelen. Wéi uewendriwwer ze lies stoung, war dat viru Jore sënnvoll, well bal näischt stoung, mee elo ass dat ëmmer manner de Fall.

Ech wier fir déi einfachst Léisung: "Belval". Wéinst deenen aneren Dierfcher a Frankäich misst d'Homonymiessäit dann op "Belval (Homonymie)" geréckelt ginn. --Zinneke (Diskussioun) 10:39, 30. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]