Diskussioun:Gehaanskapell um Helperknapp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Op der Websäit vum Parverband Helpert ass de Johannes den Deefer als Patréiner vun der Kapell Helperknapp uginn. Op der Geoportail-Kaart steet awer Chapelle Saint-Willibrord. Waat ass do richteg? Oder kann et sinn dass déi zwee Patréiner sinn? --MMFE (Diskussioun) 06:26, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Do kéint vläicht de Paschtouer Santer weiderhëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:42, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, 2 Patréiner ass net ongewéinlech. --Jwh (Diskussioun) 07:57, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Et kann och virkommen datt Kapell beim Vollek en aneren Numm huet wéi dee vum Patréiner. Wa meng Erënnerung gutt ass hu mer där nach eng oder zwou. --Les Meloures (Diskussioun) 08:35, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Se war gutt (d'Erënnerung) hei ass emol wéinsten eng Rochuskapell vu Biissen. Ech géif soen den Numm um Geoportal ass dee geleefegen a soll och deemno am Lemma gebraucht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:38, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann d'Websäit vum Parverband Helpert, wou den Abbé Santer jo "Chef" ass, behaapt dass de Johannes den Deefer de Patréiner vun der Kapell ass, da wäert dat schonn esou sinn. Beim "Guggel" sinn al Postkaarte vun ~1920 ze gesinn, wou dropsteet dass et sech ëm d'Johanneskapell vum Helperknapp handelt. Um selwechten Helperknapp ass awer och nach, 150 Meter vun der Kapell ewech, eng sougenannt "Heelquell" wou de Karel de Grousse scho soll dra gepiddelt hunn. Dës Quell gëtt Willibrordus-Quell genannt a bei der Quell steet eng maanshéich Statu vum hellege Willibrord. Op enger aler Postkaart ass ze gesinn dass dës Statu fréier uewen um Daach vum Haischen stung, dat iwwer d'Quell gebaut gi war. Meng Meenung: Kapell = Hl. Johannes den Deefer, Quell = Hl. Willibrord. --Pecalux (Diskussioun) 16:16, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
E Merci un de Pecalux fir déi gutt Nosich. --Les Meloures (Diskussioun) 16:48, 29. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Informatiounen. Ech hunn elo och erausfonnt, dat de Service des sites et monuments och eng Säit iwwer den Helperknapp an d'Kapell huet an deem déi gesichten Informatiounen drastinn. Ech wäert dat elo mol verwäerten.--MMFE (Diskussioun) 06:15, 30. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Et ginn eigentlech zwou Kapellen um Helperknapp, d'Johanneskapell, déi an dësem Artikel beschriwwe gëtt, an d'Willibrorduskapell, déi ca. 40 m vun där anerer ronderëm d'Willibrordusquell gebaut ass an am Fong nëmmen eng besser Weekapell ass. --MMFE (Diskussioun) 08:51, 30. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Dir Hären. Ech hun den Helperknapp recent mat engem groussen Grupp Spezialisten e bëssen geschichtlech opgeschafft..... an dorauser sin Panneaux'en gemeet gin dei och ewell op der Plaatz stinn. Vir zousätzlech Info'en ech stinn am Telephonbuch Koedinger Mike vun Brouch. Merci

Merci fir déi Informatioun Herr Koedinger. Ech gi mer dat emol eng Kéier op d'Plaz ukucken. Wann nach Froe si kontaktéieren ech Iech.--MMFE (Diskussioun) 11:46, 2. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]