Diskussioun:Gemünd (Our)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gemünd op der Our

Wouhier wësse mer datt déi Uertschaft sou heescht? An der däitscher Nomenklatur heescht se anscheinend just Gemünd an net Gemünd an der Our oder auf der Our.

Huet den CPLL nees e Buergermeeschter gefrot?

--Les Meloures (Diskussioun) 20:41, 4. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]

De Lemma op der däitscher Wiki ass Gemünd (Our) fir se vun aneren Gemünden z'ënnerscheeden. Wann et awer och mat Klammeren "(Our)" ob lb besser ass wéi "op der Our", da kann ech dat och änneren. GilPe (Diskussioun) 20:56, 4. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]
Wéi nach ëmmer gesot solle mir auslänneschen Uertschafte keng speziell Lëtzebuerger Nimm ginn déi net an der Literatur an am Sproochgebrauch scho laang verankert sinn oder wéinstens eng korrekt akzeptabel literaresch Iwwersetzung vum auslänneschen Numm wieren. Dat ass jo hei net de Fall, an dofir solle mer menger Meenung no den Numm sou gebrauche wéi de:Wikipedia. Ech ginn zou, Gemünd op der Our héiert sech gutt un, gefällt mir perséinlech och ganz gutt, ass awer enzyklopesch an an der Reegel vum Gebrauch vun Homonymien mMn net korrekt. --Les Meloures (Diskussioun) 21:06, 4. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]