Diskussioun:Geriichtsorganisatioun (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ieweschte Geriichtshaff oder Uewergeriichtshaff[Quelltext änneren]

Aus dem Gesetz vum 18. Februar 1885, iwwert d'Geriichtsorganisatioun, geet folgend Iwwersetzung ervir:

Art. 33. La cour supérieure de justice est composée d'un président, d'un vice-président, de dix conseillers, d'un procureur général, d'un avocat général, d'un greffier et d'un greffier adjoint.

Art. 33. Der Obergerichtshof besteht aus einem Präsidenten, einem Vice-Präsidenten, zehn Räthen, einem Oberstaatsanwalt, einem Generaladvokaten, einem Gerichtsschreiber und einem Hilfsgerichtsschreiber.

Wann och net all d'Iwwersetzungen am Mémorial ëmmer akkurat waren, sinn ech awer der Meenung, datt Obergerichtshof an domat Uewergeriichtshaff besser gëeegent ass.

Ieweschte Geriichtshaff wier eng korrekt Iwwersetzung fir cour suprême de justice, eng Bezeechnung, déi zu Lëtzebuerg net existéiert. Doriwwer eraus ass et net all ze laang hir, dat d'Politik d'Schafung vu genau esou engem Geriicht, engem ieweschten, envisagéiert hat, dës Pläng awer fale gelooss huet.

Ech si mer och bewosst, datt et duerchaus Fondstellen op der Regierungssäit gëtt, déi vun engem Ieweschte Geriichtshaff schwätzen. Et gëtt der allerdéngs och, déi op en Obergerichtshof verweisen. Hei zwee Beispiller:

Déi däitsch Sprooch gëtt a Geriichtskreeser wuel nach vum Untersuchungsriichter a vum Parquet, net awer méi vun der cour supérieure benotzt. Ech ka mer gutt virstellen, datt een einfach vergiess huet, wat emol déi gesetzlech Iwwersetzung war. Iergendwann huet een dunn awer erëm eng gebraucht, an dem Wuert dobäi net net nëmmen eng aner, mee och eng méi prestigiéis Iwwersetzung ginn.

Dës Iwwersetzung ass net nëmme sproochlech inkorrekt; si féiert dozou, datt een d'Funktioun vun der cour supérieure mam Konzept vun engem tatsächlech Ieweschte Geriichtshaff, wéi dem amerikanesche Supreme Court, verwiesselt.

Mee musse mir op dëser Säit d'Feeler vun Anere viruféieren, oder corrigéieren? Ech si fir déi zweet Variant. Integra Domino (Diskussioun) 14:51, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]


sinn ech awer der Meenung, datt Obergerichtshof an domat Uewergeriichtshaff besser gëeegent ass.
Dat heescht am Kloertext: Hei ginn drop an derwidder Ännerunge gemaach well een eng Meenung huet.
Ech fannen dat ganz schlëmm. --2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 17:14, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Zu där Meenung zielt och eng Begrënnung. An et ass net nëmme meng Meenung, d'Meenung vun engem, mee duerchaus och vun anere Leit, wéi ech uewe versicht hunn duerzeleeën. Ech denke kaum, datt d'Ännere vun engem Artikel aus perséinlecher Iwwerzeegung, déi een doriwwer eraus ze begrënne weess, eppes Schlëmmes sollt sinn. Integra Domino (Diskussioun) 17:41, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Et gëtt esou Texter, ech hunn eppes an d'Diskussioun geschriwwen.
Ech hunn ausser an engem Text vun de Kierchtuermspromenaden (an deenen och nach aner komesch Wierder ze fanne sinn) néierens Uewergerichtshaff fonnt.
--2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 17:37, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Meng Ausso huet sech op den däitschen Term Obergerichtshof bezunn.
Integra Domino (Diskussioun) 17:43, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]


An et ass net nëmme meng Meenung, d'Meenung vun engem, mee duerchaus och vun anere Leit
Wie sinn déi aner Leit, an dann ass et och nach ëmmer nëmmen eng Meenung. A Lexikonen gëtt, sou wäit wéi ech weess, net mat Meenunge geschafft.
Wann ech sou Är anner Diskussioune kucken da gesinn ech datt Dir schonn e puermol droleg Meenungen hat.
--2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 17:47, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech hu mech op déi Sourcë bezunn, déi ech am Bäitrag uewe verlinkt hunn, an op d'Gesetz vum 18. Februar 1885 (et ginn der awer nach anerer).
Integra Domino (Diskussioun) 17:53, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Hei nach e Beispill
--Integra Domino (Diskussioun) 18:01, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Do liesen ech iwwerall Obergerichtshof awer näischt vun Uewergerichtshaff
--2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 18:07, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
An Obergerichtshof féiert zu Uewergeriichtshaff, net awer zu Ieweschte Geriichtshaff. Integra Domino (Diskussioun) 18:10, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat kéint logesch sinn, wann d'Lëtzebuerger Sprooch ëmmer der Logik géif nogoen,. Deem ass awer net esou soss misst Oberschlinder Uewerschlënner heeschen, se heescht awer Iewescht Schlënner --2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 18:16, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat Argument verstinn ech, wann et ëm Duerfnimm, oder ähnlech vill benotzte Bezeechnunge geet. Ech kennen allerdéngs keen eenzege Lëtzebuerger, deen am alldeegleche Sproochgebrauch entweder vum Ieweschte Geriichtshaff, oder vum Uewergeriichtshaff schwätzt. Allgemeng gëtt einfach d'Cour gesot (zumindest a Geriichtskreeser).
Wie sech also op der Säit vun der Regierung fir eng Iwwersetzung huet missen entscheeden, deen hat d'Fräiheet, well en duerch keen allgemenge Sproochgebrauch gebonne war (ausserdem gëtt mëttlerweil meeschtens vun der Cour d'appel oder der Cour de cassation geschwat).
Wann een also ganz korrekt wëll sinn, muss een op eng strikt lëtzebuergesch Bezeechnung verzichten a cour oder cour supérieure schreiwen, well dat u sech déi Bezeechnung ass, déi normalerweis benotzt gëtt. Mee ganz bestëmmt net Ieweschte Geriichtshaff.
Integra Domino (Diskussioun) 18:28, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Wie sech also op der Säit vun der Regierung fir eng Iwwersetzung huet missen entscheeden, deen hat d'Fräiheet, well en duerch keen allgemenge Sproochgebrauch gebonne war
Wéi kann ee Mënsch nëmmen sou eppes behaapten. U wat halen déi Leit sech da soss wann net un den allgemenge Sproochgebrauch. Du schéngs net ze wëssen datt déi Iwwersetzunge vu profesionnellen Iwwersetzer a Linguiste kontrolléiert ginn ier se publizéiert ginn. --2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 19:56, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Mee ganz bestëmmt net Ieweschte Geriichtshaff
An Dir sidd deen deen dat aleng decidéiert? --2A02:A03F:A199:6C00:41CD:BC88:23DF:21B8 20:31, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Op Data.public.lu war probéiert ginn d'Wuert Uewergerichtshaff mat ähnlechen Argumenter duerchzebréngen. Dat huet net geklappt. Gëtt lo duerfir hei probéiert? --Puscas (Diskussioun) 18:21, 11. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]