Diskussioun:Grousse Bamleefer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kuesleefer a Bamleefer[Quelltext änneren]

Ass dat hei net en Doublon vum Kuesleefer? Déi Artikle misste fusionéiert ginn. Wat fir een Numm ass méi geleefeg? --Zinneke 22:04, 22 Oktober 2006 (UTC)

En Doublon jo, wéinenstens der Foto an dem Text no... mee mat engem 'falschen' lb-Numm. An de Vögel Luxemburgs gëtt dëse Vull (Sitta europaea, de: Kleiber) ënnert dem Numm Kuesleefer gefouert. En aneren lb-Numm steet net do.
Donieft gëtt et nach de Bëschbamleefer an de Gaardebamleefer. Si gehéieren awer an eng aner Famill. Cf Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg.
An der deWP liesen ech datt den Numm 'Kleiber' fir d'Aart (Sitta europaea), fir d'Gattung (Sitta) an och fir déi ganz Famill (Sittidae) benotzt gëtt. Ech proposéieren dat bei eis z'iwwerhuelen.
Dat gëtt dann déi heite Lemmaen:
Kuesleefer (Aart), Kuesleefer (Gattung) a Kuesleefer (Famill)

BG, --Cayambe (Diskussioun) 20:13, 1. Mee 2020 (UTC)[äntweren]


Den Numm Grousse Bamleefer krut en, well et deen eenzege Vull ass, dee mam Kapp no ënnen d'Bamstämm eroflafe kann.
Wou ass do den Zesummenhank? --Les Meloures (Diskussioun) 13:45, 8. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]


An de Vögel Luxemburgs gëtt dëse Vull (Sitta europaea, de: Kleiber) ënnert dem Numm Kuesleefer gefouert. En aneren lb-Numm steet net do.
Anscheinend änneren déi den Numm da vun Editioun zu Editioun. An der véierter Editioun steet en als Grousse Bamläfer. --Les Meloures (Diskussioun) 15:51, 8. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]


Méi flott gëtt et dann am Luxemburger Wöerterbuch:
Bamleefer(t)chen M.: häufigster Name für «Kleiber, Spechtmeise, certhia familiaris» (s. -graatsch, -krécher); auch: Kuesläferchen (Kues = alter Stamm) und Schäärzbaierchen (Schäärz = Borke) genannt — bisw. wird unterschieden zwischen: grousse B. (= Blauspecht) und bloe klenge B. (= Baumläufer, Kleiber); --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 8. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]