Diskussioun:Haaptsäit/WDS

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

2 Sätz Schablounen fir grued an ongrued Joren: Encodage vum Joer[Quelltext änneren]

Moien,

wéi eenzeler vläit gemierkt hunn, si mer no drun, 365 nei "Wosst-der-schonns"-Sätzelcher beieneen ze hunn. Meng Iddi wier et, déi an e Roulement ze kréien, d.h. dat eent Joer déi eng, dat drop déi aner. Dofir musse just déi nei Schablounen [déi nach mussen ugelucht ginn] e Buschtaf bäikréien (z.B. "Schabloun:WDS 1. Januar B", deen dann och an der Schabloun op der Haaptsäit, deen s'oprifft, bäigesat muss ginn. Am Idealfall sollt et d'nächst Joer domat lassgoen.

Meng Fro ass déi hei: Weess een, ob een en Automatismus codéiere kann, deen tëscht grueden an ongruede Joeren eng Varaibel opruffe kann - also eppes ewéi: If CURRENTYEAR ends with 0, 2, 4, 6, 8, get Schabloun WDS CURRENT DAY CURRENT MONTH, if CURRENT YEAR ends with 1, 3, 5, 7, 9, get Schabloun WDS CURRENT DAY CURRENT MONTH B [Ech weess, Code gesäit anescht aus, ma dat ass mäi beschte Versuch, dat erëmzeginn, wat ech mer virstellen]?

Wann net, kann een dat och ouni vill Méi manuell op der Haaptsäit asetzen (wéi bei den Artikele vun der Woch, déi och variéieren), ma dann hänkt et vum gudde Wëllen/der Disponibilitéit vun engem of deen dat kann/wëll maachen. Zinneke (Diskussioun) 15:44, 26. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]