Diskussioun:Haaptsäit
Sujet derbäisetzenEeler Diskussiounen, oder där, déi net (méi) esou relevant sinn, sinn op Diskussioun:Haaptsäit/Archiv archivéiert.
Aner Wikimediaprojeten
[Quelltext änneren]Moien,
huet een eppes dergéint, dat ënnen ewechzehuelen? Verweiser op Commons, Data, Wictionary, asw. stinn och op der lénkser Säit an der Navigatiounsleescht, ganz ënnen.
--Zinneke (Diskussioun) 12:09, 8. Jun. 2020 (UTC)
- Ech perséinlech fannen se ënnen op der Säit besser, well do d'Logoen derbäi sinn. GilPe (Diskussioun) 19:18, 8. Jun. 2020 (UTC)
- idem GilPe, et ass jo net wéi wann et u Plaz géif feelen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:52, 8. Jun. 2020 (UTC)
Link op Wikidata defekt
[Quelltext änneren]Ech wollt kuerz schreiwen, datt de Link op Wikidata ënnen op der Säit (https://lb.wikidata.org/) defekt ass. Ech huelen un, datt et do einfach https://www.wikidata.org/ misst heeschen. --Volvox (Diskussioun) 19:09, 27. Nov. 2023 (UTC)
20-Joer-Logo
[Quelltext änneren]@Zinneke Momentan steet den 20-Joer-Logo ganz riets op der Säit, wat op gréissere Bildschiermer ongënschteg ausgesäit; besser wier et a mengen Aen, wann de Logo riets méi no um Text stoe géif. Ech proposéieren d'Zeil
[[Fichier:Wikipedia lb 20.png|70px|right]] <center><big>[[Wikipedia:20 Joer|'''D'Wikipedia op Lëtzebuegesch feiert 20 Joer''']]</big></center></div>
duerch eppes wéi
<center><span style="margin-right: 20px;"><big>[[Wikipedia:20 Joer|'''D'Wikipedia op Lëtzebuegesch feiert 20 Joer''']]</big></span>[[Fichier:Wikipedia lb 20.png|65px]]</center></div>
z'ersetzen. --Volvox (Diskussioun) 17:38, 26. Jul. 2024 (UTC)
- Merci, ech hunn et eriwwerkopéiert. --Zinneke (Diskussioun) 22:34, 26. Jul. 2024 (UTC)
Proposéiert Ännerunge vun der Haaptsäit
[Quelltext änneren]- Vu Wikipedia:De Staminee den 22.08.2025 heihi kopéiert
Salut alleguer,
zesumme mam @Soued031 hunn ech mech amüséiert e bëssen iwwer d'Haaptsäit ze goen.
Mir hunn:
- D'Begréissungsbox um Ufank nei designt, vereinfacht an de Saz geännert.
- D'Portaler aus der Begréissungsbox erausgeholl an an d'Matmaachbox drënner gesat.
- Ausserdeem hu mer d'Portaler erausgeholl, déi kaum Inhalt hunn (an Astronomie derbäigesat).
- D'Rubrik „Wousst Dir schonn“ ass lo uewen an den Artikel vun der Woch ënnen.
- D'Iwwerschrëfte vun de Boxe si lo sans serif.
- Ganz extra: Wann d'Schiermgréisst ze kleng ass, ginn déi zwou Kolonnen net méi niefteneen ugewisen, mee noeneen. Dat funktionéiert souwuel um Computer wéi op mobile Geräter (shoutout to Soued031).
D'Ëmsëtzung vun eiser Propos fannt dir hei: Benotzer:Volvox/Virbereedungen/Haaptsäit.
Mir géifen eis iwwer Feedback freeën, d. h. souwuel Meenungen zu eisen Ännerunge wéi och Virschléi, wat een anescht oder zousätzlech maache kéint. A wann d'Communautéit gefale fanne sollt, kann een déi Ännerungsvirschléi jo ganz oder deelweis op der Haaptsäit ëmsetzen.
--Volvox (Diskussioun) 17:47, 28. Jun. 2025 (UTC)
- Gudde Moien,
- Fir d'éischt: tipptopp, super Initiativ!
- Eng ganz gutt Saach, datt d'Säit responsive ass, also, datt se sech un d'Bildschiermbreet upasst.
- Wat mer net esou gutt gefält: déi éischt Këscht “Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!” fannen ech ze vill eidel an den Text ze vill fett (e kënnt fir mech e bëssen aggressiv eriwwer…). Eng Léisung wéi op der franséischer Begréissungssäit géif mer besser gefalen. Well mer just 5 Portaler uweisen, kéinten déi eventuell an der Wëllkomm-Këscht um rietse Bord mat engem klenge Logo ugewise ginn?
- „Portaler: Lëtzebuerg, Astronomie, …“ passe menger Meenung no net ënnert d'Iwwerschrëft „Jidderee kann hei matmaachen“.
- Nach eng Saach: wat ech op der fr.wiki och flott fannen ass, datt ee perséinlech begréisst gëtt: „Bienvenue [Benotzernumm]}“ oder eeben „Bienvenue sur Wikipédia“ wann ee net ageloggt ass. Wär dat eng Iddi fir z'iwwerhuelen?
- GilPe (Diskussioun) 11:08, 29. Jun. 2025 (UTC)
- Merci Dir zwéin!
- Ech hu mini-Ännerungen um Begréissungstext gemaach. Ech froe mech op een déi relativ beschiden Zuel vun "aktive Mataarbechter" op der Haaptsäit stoe muss hunn. Perséinlech géif ech s'ewechloossen. Bei der Matmaachkëscht hunn ech d'Fettschrëft geännert.
- Bescht Gréiss,
- -- Zinneke (Diskussioun) 18:38, 29. Jun. 2025 (UTC)
- @GilPe @Zinneke Merci fir d'Réckmeldungen!
- Ech hunn d'Haaptsäit elo aktualiséiert. Virlag waren Benotzer:Volvox/Virbereedungen/Haaptsäit (Versioun 2633514) a Benotzer:Volvox/Virbereedungen/Haaptsäit/styles.css (Versioun 2633515), déi ech op Haaptsäit respektiv déi nei ugeluechte Säit Haaptsäit/styles.css kopéiert hunn.
- Ech hunn eis initial Propos esou ëmgesat, bis op d'Punkten 1 an 2, wou et kee richtege Konsens gouf an ech deemno de generellen Design vum lénksen Deel vun der Begréissungskëscht bäibehalen an d'Portaler awer rëm an d'Begréissungskëscht gesat hunn (allerdéngs anescht designt).
- Op der onsiichtbarer/technescher Säit huet sech awer nach vill gedoen: Ech hunn de Quelltext vun der Haaptsäit bal komplett nei geschriwwe fir déi onflexibel Wikitabelle-Syntax an HTML ëmzeschreiwen a sämtlech Styling-Informatiounen op eng CSS-Säit auszelageren. Doduerch ass de Quelltext a mengen Ae vill méi lieserlech a vill méi maintainable.
- Grond fir d'Ëmschreiwe war ursprénglech, datt ech duerch Zoufall gemierkt hunn, datt de responsive design (cf. Punkt 6), wéi mer en ursprénglech ëmgesat hunn, nëmme fir de Legacy-Parser vu MediaWiki funktionéiert huet (deen nach ëmmer Standard op der lbwiki ass), mee fir de Parsoid-Parser (dee mëttelfristeg de Legacy-Parser komplett ersetze soll a lo schonn an de Benotzerastellungen aktivéiert ka ginn) net. Elo misst alles fir béid Parsere funktionéieren an d'Neischreiwen huet eben och déi uewe genannte Virdeeler als Nieweneffekt mat sech bruecht.
- Zum Schluss wollt ech nach op dem Zinneke seng Bemierkung iwwer d'Zuel vun den aktive Mataarbechter agoen: Ech si staark dofir, datt mir se prominent op eis Haapsäit schreiwen, well se menger Meenung no fir esou eng kleng Sprooch zimmlech héich ass an deemno weist, wéi aktiv déi lëtzebuergesch Wikipedia trotz hirer gerénger Gréisst ass! Wann een d'Tabell op meta:List of Wikipedias by speakers per article no Speakers (L1 & L2) sortéiert an d'lbwiki mat Wikipedia-Versioune vun anere Sprooche vergläicht, déi vun änlech villen oder nach méi Leit geschwat ginn, gesäit een, datt déi aktuell 97 vun der lbwiki zimmlech héich sinn. Kee Grond sech ze verstoppen ;-).
- Merci un d'@Soued031 fir seng Ënnerstëtzung!
- Falls Problemer mat der Haaptsäit opfalen oder soss nach Saachen Iech stéieren oder komesch virkommen, mellt iech! --Volvox (Diskussioun) 21:07, 21. Aug. 2025 (UTC)
- Merci @Volvox a @Soue031 fir Är Aarbecht. Deng Argumentatioun zu Gonschte vun der Mataarbechterzuel iwwerzeegt mech, se ka gär do stoen. Zwou kleng Detailer vläicht nach: D'Silhouett vum Land (Artikelen iwwer Lëtzebuerg) giff ech eng Grëtz méi kleng maachen; a bei de Portaler giff ech nach de Punkt "méi" bäisetzen, well soss den Androck entsteet, et géif just déi 4 déi do opgezielt sinn.
- -- Zinneke (Diskussioun) 21:39, 21. Aug. 2025 (UTC)