Diskussioun:Haaptsäit/WDS-Spënnchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

Firwat heescht déi Happatsäit. Kann et sinn dass dat ee Schreiffeeler ass? Les Meloures 13:45, 3 Oktober 2007 (UTC)

et kann net nëmme sinn ;-) --Zinneke 13:59, 3 Oktober 2007 (UTC)

"de Schaarschstech um Breede Wues e Pëtz vun enger Pompelstatioun vun 1878 ass?": Ech erlabe mer, dat net ze verstoen. Ech weess net wat, wien oder wou de Breede Wues ass, a wat do gepompelt gouf weess ech och net. Ech wollt dat an engem Artikel nokucken, mee ech weess och net a wat fir engem, well kee Link drasteet. --Cornischong 21:15, 7 Oktober 2007 (UTC)

Du hues du ganz recht, dofir weess jo och bis elo nach keen et!!! Dat verhënnert awer net datt et esou ass. Les Meloures 21:19, 7 Oktober 2007 (UTC)

"Landesbank Rheinland-Pfalz International hire Wäikeller an de Kasematte vum fréiere Bastion Louis huet?" Neen, mär woussten dat net, a mer wäerten dat och net an der lëtzebuergescher Wikipedia gewuer ginn, well et e roude Link ass. Gëtt dat do e Sënn? --Cornischong 21:28, 7 Oktober 2007 (UTC)

Da mussen aus de roude Linken Artikele ginn, an esou laang kann et jo an der Spënnche stoe bleiwen. Hunn ech de Sënn vum Woust dir dat schlecht verstan. Sollen hei Saachen dra stoe kommen déi jidderree wees, oder soll et eppes sinn dat op Saachen opmierksam mécht déi net jidderee wees, an déi een emol heihinner schreiwe kann datt et net vergiess gëtt.
Iwwregens hunn ech emol wéi ech dat hei dra gesat hunn och dru geduecht fir dat emol an engem Artikel ze erkären, mee wann den Zuch fiert éi de Chef de Gare gepaff huet ass dat schwéier. Les Meloures 21:38, 7 Oktober 2007 (UTC)


a mer wäerten dat och net an der lëtzebuergescher Wikipedia gewuer ginn[Quelltext änneren]

Dat kanns de engem dohinnerpefferen deen nach ni eppes hei geschriwwen huet. !!!! Vum Meloures deen iwwer esou Sätz rose wéi eng Sau gëtt !!!!!!!! Les Meloures 21:50, 7 Oktober 2007 (UTC)

Jësessemariarousebett, Dir Hären, berouegt Iech w.egl. Just zur Explikatioun: Am Fong war dat hei als "Reserv" geduecht, fir op der Haaptsäit déi 3 Sätzelcher reegelméisseg erneieren ze kënnen, ouni da mussen ufänken doruechter sichen ze goen (wann een op en Artikel stéisst, deen ee mat enger "Wosst der schonns" Fro ka virstellen, da kann en deen hei tëschelageren). Et huet deemno effektiv net vill Sënn, "intrigant Froen" heihinner ze schreiwen, et sief, den Artikel dozou wier an der Maach a kéim geschwënn no (wat jo gutt méiglech ass).
Fir nach net existent Artikelen wier awer vläit d'Säit wikipedia/Artikelen déi eis nach feelen oder eng Ënnersäit op den eegene Usersäiten (als perséinlechen Erënnerungsziedel) éischter ubruecht.
--Zinneke 22:06, 7 Oktober 2007 (UTC)

Handikapéiert Äisbieren[Quelltext änneren]

"Wosst dir schonns datt Äisbieren daf sinn?" - Neen, dat wosste mer nach net well an der däitschsproocheger Wikipedia si se anescht informéiert: Am "Eisbär"-Artikel liesen ech ë.a.: "Der Geruchssinn der Eisbären ist – auch im Vergleich mit anderen Raubtieren – ungewöhnlich gut ausgebildet. Gehör und Sehkraft dürften dagegen ungefähr denen des Menschen entsprechen.--Cornischong 20:03, 2. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut Frënd,

Däi Kommentär koum ze spéit nämlech um 21:03 an um 21:00 Auer stoung dat net méi dran. Ech hunn et nämlech eraus geholl wéi ech dat an der däitscher Wiki gelies hunn, a geduecht hunn dat gëtt erëm Getalks . Ech sinn amgaang nozekucken wat mat deem dürften an der Däitscher soll heeschen. Dat ass och alt esou eng vague Geschicht. Et wäert jo alt een et richteg wëssen. Les Meloures 20:28, 2. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]