Diskussioun:HaaptsäitBléck/Archiver

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat Bild vun der Woch, an net d'Bild vum Dag? Eng Erklärung[Quelltext änneren]

Sou wéi d'Saach hei fonctionnéiert, wiesselt d'Bild op der Haaptsäit all Woch. Firwat dee System? Eng Alternativ hätt kënne sinn, einfach, d'Commons:Picture of the Day (POTD) an d'Haaptsäit anzebannen, an esou all Dag en anert Bild ze hunn. Dës Optioun gouf awer net zeréckgehalen, an zwar aus follgende Grënn:

  • d'Textzeil misst fir all Dag iwwersat ginn;
  • et gi kaum Artikelen zu deenen ofgebillte Sujeten (dacks exotescht Gedéiesch a.ä.), sou datt se just "dekorativ" wieren;
  • et géif kaum eng Méiglechkeet, "lëtzebuergesch" Sujeten ervirzehiewen.

D'Wiel vun dëser Optioun sëtzt natierlech viraus, datt sech reegelméisseg drëms gekëmmert gëtt, nei Biller auszesichen an ze preparéieren (d.h. fir all Woch eng kleng Schabloun mat Bild an Text unzeleeën, sou wéi se hei op der Säit opgelëscht ginn).

Sollt dat eng Kéier net méi méiglech sinn, kann een d'Default-Optioun (Commons:POTD) nach ëmmer nees aktivéieren, duerch d'Ännere vun der Schabloun:HaaptsäitBléck, wou da just duerch eng Schabloun d'Commons:Template:potd agesat misst ginn.

--Zinneke (Diskussioun) 13:29, 16. Mee 2013 (UTC)[äntweren]