HaaptsäitBléck/Archiver
Ausgesinn
Hei drënner ass d'chronologesch Lëscht vun de Biller, déi dëser Méint op der Haaptsäit ze gesi sinn oder waren. Si ginn duerch eng Schabloun, déi d'Wochenzuel an d'Joreszuel als Variabel huet, automatesch all méindes moies um 0:00 UCT frësch do agebaut. Aktuell ass dat z. B. d'Schabloun:Bléck 2025 47.
Et gëtt keng rigid Krittäre wat fir Biller do hi sollen, mä déi hei Punkten sollen eng Orientéierung bidden:
- Qualitéit: d'Bild soll vu méiglechst gudder Qualitéit sinn, d. h. virzuchsweis eent, wat als "Quality Image", wann net souguer "Featured Picture" oder "Valued Picture" op Commons distinguéiert gouf;
- Ofwiesslungsräichtum: D'Biller solle méiglechst wäitleefeg déi sëlleg enzyklopedesch Gebidder ofdecken, a vu Woch zu Woch eppes "total aneschters" weisen;
- Bezuch op Artikel: Wann iergendwéi méiglech, soll d'Bild op en Artikel/op Artikelen zum Sujet verlinken, quitt datt deen Artikel virun der Publikatioun nach séier geschriwwe muss ginn;
- All puer Wochen e spezifesch "lëtzebuergesche" Sujet: reegelméisseg soll ee Bild ausgesicht ginn, dat op dat verweist, wat dës Wikipedia vun aneren ënnerscheet: méiglechst genee Informatiounen mat Bezuch op Lëtzebuerg an op Lëtzebuergesch ze fannen.
- Aktualitéitsbezuch: Bei Biller vu Persounen, Wierker oder Evenementer kann et nëtzlech sinn, dës fir déi Woch virzegesinn, an déi de Joresdag vun der Gebuert/vum Doud vun där Persoun oder dem Kënschtler, oder vum Evenement, fält, dat ëm sou méi bei 'ronne' Joren.
Hei ass d'Schabloun, fir déi eenzel Biller ze preparéieren: Schabloun:BléckBild.
Biller-Reserv fir méi spéit
[änneren | Quelltext änneren]Dir hutt e flott Bild op Commons gesinn, oder eng Iddi fir eent zu engem lëtzebuergeschen Theema? > Drot et hei an <, sou datt se vun do no an no an d'Schablounen ënnendrënner agebaut kënne ginn.
Archiv
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014 - 2015
2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024 - 2025 - 2026
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014 - 2015
2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024 - 2025 - 2026
2025 II[änneren | Quelltext änneren]… d'Jangekierch zu Ohrid, an Nordmazedonien.
… eng Infografik iwwer d'Schwankunge vun der duerchnëttlecher globaler Jorestemperatur (1850-2018).
… de Schéissendëmpel, an der Gemeng Waldbëlleg.
… de Museum aan de Stroom (MAS) zu Antwerpen.
… d'Lathmar Holi-Fest zu Nandgaon, am Uttar Pradesh.
… d'cheemescht Element Cadmium (Cd).
… Molbier.
… e Plang vun der Festung Lëtzebuerg, 1794, vum Alfred Lefort.
… eng Asiatesch Tigermustik (Aedes albopictus).
… d'Fontana di Trevi, zu Roum.
… d'Kap vun der Gudder Hoffnung, a Südafrika.
… d'Bungerëffer Millen (1918), vum André Thyes (1867-1952).
… "Däiwelskrällen" (fossiliséiert Gryphaea arcuata).
… d'Alstad an d'Donaubréck zu Bratislava.
… de Shinji Weier am Park vun der fréierer Expo’70 zu Osaka.
… e Mundari-Mann, aus dem Südsudan, beim rituelle Poléiere vum Har vun engem Watusi-Rand,
… d'Gisselche vum Tëtelbierg aus der gallo-réimescher Zäit (1. Jh. v. Chr. - 1. Jh. n. Chr.)
… typesch burgundesch Daachzillen um Hôtel Aubriot, zu Dijon.
… de Vëlodukt zu Esch-Uelzecht.
… Le Madras rouge vum Henri Matisse (1869-1954).
|
2026 I[änneren | Quelltext änneren]
|

















































