Dëschtelen (Carduus)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dëschtele vun der Gattung Carduus. Fir aner Gattungen, déi och "Dëschtelen" genannt ginn, kuckt wgl. Dëschtelen.
Dëschtelen
d'Aart Carduus acanthoides
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Wëssenschaftlechen Numm
Carduus
L.

Dëschtele si Planzen aus der Gattung Carduus, bannent der Famill vun den Asteraceae. Et gëtt ronn 90 Aarten an Eurasien an Afrika, dovun eng 60 an Europa an am Mëttelmierraum. An de Benelux-Länner sinn et der véier:

  • Carduus tenuiflorus;
  • Carduus crispus;
  • Carduus nutans;
  • Carduus acanthoides.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Dëschtel-Aarte si meeeschtens ee- bis zweejäreg krauteg Planzen, déi 30 bis 200, siele bis zu 400 Zentimeter héich kënne dinn. D'Bléie si rosa-mof, och alt roudelzeg oder wäiss. Chrarakteristesch sinn hir Däre ronderëm d'Bléien an un de Blieder.

Diagramm vun enger Bléi fir Carduus

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carduus – Biller, Videoen oder Audiodateien