Meteora-Kléischter

Vu Wikipedia
Meteora-Kléischter
Land Griicheland
Gemeng Meteora
Koordinaten 39°42'45"N, 21°37'36"O
Statut Weltierwen,
archeologesch Plaz a Griicheland

D'Meteora-Kléischter sinn en Areal vu 24 Kléischter an Ermitagen a Griicheland, ëstlech vun de Pindos-Bierger no bei der Stad Kalambaka an Thessalien. Den Numm kënnt vum Wuert μετέωρος (metéōros), wat esouvill heescht wéi "déi an der Loft schwiefen." Domat gëtt d'Lag vun de Kléischter beschriwwen, déi all op héije, géie Sandsteefielse gebaut goufen. Bei niwweleger Loft gesäit et effektiv heinsdo aus, wéi wa s'an der Luucht schwiewe géifen.

Vun de 24 eenzele Kléischter an Ermitagë sinn der huat just nach sechs bewunnt. Déi aner si verlooss ginn, well et ze schwéier ass, dohinner ze kommen, oder well se baufälleg gi sinn.

D'Meteora-Kléischter sinn op der Lëscht vun der UNESCO-Kulturierfschaft agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]