Diskussioun:Hitten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hitten vs. Hëtten[Quelltext änneren]

Ech si mer bewosst dass d'Awunner an d'Leit aus deem Streech den Numm Hitten gebrauchen. Allerdéngs gouf no rezenten Diskussiounen agefouert, dass d'Uertschaftsnimm esou benotzt ginn, wéi se bei der Kadasteradministratioun, déi per Gesetz neierdéngs eleng zoustänneg ass, gebraucht ginn. An de Kadaster seet: Hëtten (ze gesinn op dësem Link. Deemno misst de Lemma deem entspriechen. --Pecalux (Diskussioun) 05:03, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien och
D'Bauverwaltung hat och op senge Strosseschëlter eng Zäitchen Hëtten stoen. Ech mengen dat gouf an der Tëschenzäit verbessert. Ginn dat emol e Mëttwoch nokucken. --Les Meloures (Diskussioun) 07:01, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Souwäit wéi ech erausfonnt hunn kënnt déi Schreifweis aus dem Josy Braun sengem Bichelchen. Grad esou wéi Liewel wat och net an der Biekerecher Géigend esou ausgeschwat gëtt. Dommerweis huet de Braun seng Schreifweis fir Uertschaften op politeschen Drock hin vun Editioun zu Editioun g'ännert, an der dobäi en etlech vergiess. Et ass de Gemengen anscheinend och egal wéi hir Uertschaften doruechter vernannt ginn. Ech mengen et gëtt bis elo eréischt eng déi den Numm iwwer Gesetz festhale gelooss huet. Ech froen do mol no --Les Meloures (Diskussioun) 08:29, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, vu mär just d'Remarque datt d'Nimm an där Tabell vum Kadaster orthographesch alles anescht wéi zolidd sinn: "Bétebuerg, Obëler, Biréng,..." schéngen nach ni eppes vun der Reform vu viru 14 Joer matkritt ze hunn... --Zinneke (Diskussioun) 08:32, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Se sinn och net koherent wéi z.B Kaalber / Kalbermillen. De Kadaster huet zwar d'Missioun, mä déi Missioun schéngt nach net ofgeschloss ze sinn. Dat ganzt Sproochegeméchels ass zu Lëtzebuerg e Faass ouni Fong. D'Gesetz ass bekannt déi periodesch Ännerungen an Upassungen awer net. Eng Ufro beim Ministère hängt fir den Ament an der Loft (de Sproochecomité muss zënter 4 Méint nei genannt ginn, awer do ass nach näischt geschitt). Et schéngt ze schwéier ze sinn fir e Comité mat Suppleanten ze nennen fir datt e valabel funktionnéiere kann. E gutt Beispill ass am LOD de Paschtouer. Kuckt Iech deen emol un an da klickt op Por. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Oups dee Bobo am LOD gouf de Moie g'ännert, gëschter kruten déi nämlech eng Mail vun der Verbesserungsequipe. --Les Meloures (Diskussioun) 08:52, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]