Diskussioun:Hond (Brems)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bezeechnung vum Bremssysteem[Quelltext änneren]

Ech hunn lo mol iwwerall doruechter bei de Biergbauartikele gebliedert an näischt Equivalentes fonnt wat mat engem Bremssysteem géif zesummenhänken. Et wier net schlecht wann am Artikel eng Quell ernimmt géif ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:21, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Den däitsche Faulenzer laut Wikipedia. Eine schwenkbare Haltevorrichtung aus Schmiedeeisen für einen Bembel.
Eng Franséisch Erklärung seet: Le chariot est poussé par le coureur de chien. L'appellation chien de mine pour désigner le chariot provient du bruit particulier, rappelant des aboiements, que produit l'engin en circulant dans les galeries. --Les Meloures (Diskussioun) 10:30, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Nach eng: Quand les distances deviennent importants il est plus facile d’utiliser des chiens de mines. Le chien de mine est un chariot construit en bois renforcés de bardage en fer,il est constitué d’une caisse surmontant des roues de bois cerclées de fer. --Les Meloures (Diskussioun) 10:38, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech weess datt de-wiki an fr-wiki näischt iwwer dee simplen a bëllege Bremssysteem do verzielen. D'LW kennt d'Wuert souwuel als Sécherheetssysteem wéi och als klenge Buggi. Hei och nach zwee Bicher als Referenz:
Marcel Klein, Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng, MNM 1985, S. 151
Louis Lenz, Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt, DMKaS asbl 1997, S. 74 (hei steet dat och vum "Faulenzer")
--Otets 23:45, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hunn de Faulenzer och an engem Inhaltsverzeechnes vun engem däitsche Biergbaubuch fonnt. Leider ass deen Deel wou d'Erklärung steet net online. Ech kucken emol op dat net an enger Bibliotéik opzedreiwen ass. Et ass schonn en intressant Gebitt vun deem mir nach net vill hunn. Leider feelt et ons vill u Fachausdréck, mä LOD'S an deenen anere geet et do net besser. --Les Meloures (Diskussioun) 06:59, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Wann s de mer den Titel sees, da kann ech kucken op et net an der Nationalbibliothéik ass, an da kéint ech et ausléinen. --Otets 09:56, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hu mer et an Däitschland bestallt. Dat gouf méi bëlleg wéi de Sprit fir an eng Bibliothéik ze fueren :-) -- Les Meloures
Ech wier gratis zu Fouss gaangen ;-) --Otets 17:09, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech gleewen der dat, mä dann hätt ech nach ëmmer net gehat. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 17:13, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Illustratioun[Quelltext änneren]

Wat allerdengs flott wier, dat wier wa mer wéinstens eng Foto vun engem Buggi hätte wou een déi Virriichtung géif gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:34, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Dat gëtt schwéier, am Buch ass just eng Zeechnung. --Otets 14:31, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Vläicht scannen??? --Les Meloures (Diskussioun) 19:48, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Vu datt ee jo ni wousst wateree Buggi de leschte géif ginn, misst jo op all Buggi eng Virriichtung gewiescht sinn fir déi Staang festzemaachen. Et wier scho flott ze gesi wéi dat war. --Les Meloures (Diskussioun) 21:20, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Voilà däi Scan, mee keng Anung op dee FU hei laang ka stoe bleiwen. Dat huet keng speziell Virriichtung gebraucht, déi Eisestaang gouf einfach do agekroopt wou och d'Kupplungsketten drunhung. --Otets 23:40, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat kann ech mer allerdéngs schwéier virstellen. Et huet scho missen eng speziell Viriichtung dosinn well sooss hätt de Mupp sech kënne verwënschen an d'Brems hätt net funktionéiert. Et deet mer leed, mä bei technesche Saachen hunn ech eppes géint primitiv Erklärungen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:19, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Méi wéi déi Zeechnung do hunn ech net, beim Lenz steet och net genee wou et agekroopt war, ausser eben datt en an engem Gelenk gependelt huet. Mee wann dat relativ breet an e bësse passgenau war, da mengen ech net datt et sech vill verwënsche konnt. En plus weess ech net wéi effektiv dat fonctionnéiert huet, vläit ware se scho frou wann de Buggi net bis ganz ënne gelaf ass an do mat voller Wucht ukomm ass, méi iergendwou virdrun aus dem Gleis gesprongen ass. --Otets 09:56, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Brauchs keen ze molen, et ass een am Musée des Mines. --Otets 21:57, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Riedensaart[Quelltext änneren]

Moien, intressant Informatiounen! Ech froe mech, wou beluecht ass, datt eng esou allgemeng verbreete Riedensaart wéi En Hond hänke goen op dee dësen dach immnes fachspezifeschen Ausdrock, dee just de Mineure selwer bekannt ass/war, zeréckgoe soll. Weess een d'Quell vun där Ausso? Am Lux. Wörterbuch z.B. steet beim Lemma Hond dat hei:

"[...] — auf die müßige Frage wuer gees de? wird geantwortet: ech gin den H. hänken (Zus.: komm gees de mat, dann dréi(t)s de d'Seel, d'Leder) — ein Waldteil des Grünewaldes heißt: um Hond gehaangener (cf. dazu HESS, in Vjbl. 6, S. 116). [...]"

Dat leet dach no, datt et deen Ausdrock scho virun de Minièren a Buggië gouf. --Zinneke (Diskussioun) 10:56, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Gutt nogesicht, Zinneke! Dat wosst ech net, dowéinst hunn ech op deen eenzege mär bekannten a plausiblen Hond getippt gehat, eng Source hat ech hei effektiv net. Ech hunn dat mat der Riedensaart also léiwer nees aus dem Artikel geholl. --Otets 13:29, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Dat Ganzt mat deem Bremshond schéngt nach méi komplex ze sinn wéi een dat vläicht am Ufank ugeholl huet.
D'Luxemburger Wörterbuch gëtt eng allgemeng Erklärung déi sech net op d'Buggie bezitt: Hemmvorrichtung (ein an der Hinterachse des Wagens befestigter Pfahl, dessen zugespitztes Ende in die Erde gerammt wird, um das Zurückrollen auf abschüssiger Strecke zu verhindern.
D'Wörterbuch der Luxemburger Mundart seet: Schlepphund, Eisen, womit man die Förderwagen zum Stehen bringt (Bergbau).
Wann ech dann an den däitsche Fachausdréck kucken da gëtt et nach méi lëschteg. Do ass engersäits e Schlepphund e ganz niddrege Lorry deen am Biergbau nogeschleeft gouf (an niddrege Gallerien) oder awer och eng Zort Brems oder Kontergewiicht op engem Haaspel bei Fërderschächt.
Deemno war am däitsche Sproochgebrauch mat een Hund hangen gemengt fir eng Brems anzesetzen an duerno par Extensioun gouf den Ausdrock gebraucht fir lueszemaachen oder ze träntelen.
Souwäit mol fir de Ufank. Ech hoffen datt mer dat iergendwéi an den Artikel agebaut kréien. Ech fannen et wichteg datt soll ernimmt ginn datt den Ausdrock sech net nëmmen op déi Eisestaang hanner engem Buggi bezitt. --91.180.222.184 13:13, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Sollte mer dann esou schreiwen: "D'Riedensaart den Hond hänke goen, wann een engem net wëll soe wou een higeet, geet op de Biergaarbechterausdrock zréck fir eng Brems anzesetzen (also dës Eisestaang, mee och eng Zort Brems oder Kontergewiicht op engem Haaspel bei Fërderschächt gouf genee sou genannt), deen duerno par Extensioun gebraucht gouf als Ausdrock fir lueszemaachen oder ze träntelen." --Otets 17:09, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]