Diskussioun:Institut Pierre-Werner

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Institut Pierre Werner (IPW) ass en europäescht Kulturinstitut[Quelltext änneren]

Moien, De LOD, deen iwwregens zanter dësem Weekend e Sprong Richtung Benotzerfrëndlechkeet gemaacht huet, gesäit den Institut an d'Institut vir.
Mä sollt een an engem Hallefsaz sou mam Genus sprangen?
Perséinlech stéiert et mech net, well ech "Institut Pierre Werner" op Franséisch a "Kulturinstitut" op Däitsch liesen. Trotzdem froen ech mech...

Dann ass do nach de "Pierre Werner" an de "Pierre Bindestréch Werner". Nom Memorial an och no hirem Site geet et och ouni Bindestréch. --Jwh (Diskussioun) 07:52, 15. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]

Den LOD leit un der selwechter Krankheet wéi all ons Dictionnairen d.h. nëmmen näischt prezisiéieren oder sech op eng Schreifweis oder ee Genus festleeën. Op der aner Säit ass et heiansdo e Virdeel am Sazbau op déi zwéi kënnen zréckzegräifen. Den Neutrum ënnerscheet sech jo och praktesch net vum masculin, ausser beim Gebrauch vum den oder d' oder bei verschiddenen Declinaisounen.
Wat den Numm ugeet sou hu mer fir den Ament e franséische Lemma do stoen. Op Lëtzebuergesch grad wéi op Däitsch wier et par Analogie zu sou Lemmata déi op Nimm vu Persounen opgebaut sinn Pierre-Werner Institut. (cf. Prix Nobel = Nobelpräis oder Université Stanford = Stanford Universitéit). --Les Meloures (Diskussioun) 08:35, 15. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]
Nach just eng Bemierkung fir all déi Fäll wou d'Dictionären ons déi zwéi Genusen erlaben. Et soll een oppassen datt an engem Artikel awer wa méiglech net tëscht den zwéin hin an hier gespronge gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:48, 15. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]