Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:International Agence fir Atomenergie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 11 Joer vum Bdx

Slt, ass dee Lemma do richteg? Misst et net sinn "International Atomenergieagence"? Et ass jo eng intern. Agence fir Atomenergie, net eng intern. Atomenergie mam Numm Agence (?) --Bdx (Diskussioun) 13:11, 1. Sep. 2014 (UTC)Äntweren

Moien, am beschte "rëtsche" géif mer den Terme "International Agence fir Atomenergie", mee fir no um internationale Virbild IAEA ze bleiwen, géif ech proposéieren, et mat engem Bindestréch ("International Atomenergie-Agence") ze lemmatiséieren (och fir e Bandwuermwuert ze verhënneren, wann alles uneee geschriwwe wier).--Zinneke (Diskussioun) 13:58, 1. Sep. 2014 (UTC)Äntweren
Merci fir deng Propositioun! Gëtt et eng bestëmmten Ursaach, firwat e "Bandwuermwuert" net an der Rei ass? Froe just aus Interessi. Wa soss keen eppes ze soen huet, réckelen ech den Artikel dann op "International Atomenergie-Agence".--Bdx (Diskussioun) 10:09, 2. Sep. 2014 (UTC)Äntweren
Nee, mee éischter ästetesch Grënn, resp. wéinst der Lieserlechkeet (Vokaler um Enn an um Ufank, déi openeestoussen). --Z.
OK, verstinn ech. Ech waarden nach bis muer a wa bis da keen eppes auszesetzen huet, réckelen ech en. --Bdx (Diskussioun) 11:12, 2. Sep. 2014 (UTC)Äntweren


Korrekt Schreifweis ass Atomenergieagence Zesummegesat Wierder ginn am Lëtzebuergesche prinzipiell unenee geschriwwen. --81.243.60.57 12:42, 3. Sep. 2014 (UTC)Äntweren

Ech fannen "International Agence fir Atomenergie" am beschten, och wann et keng wuertwiertlech Iwwersetzung ass.--MMFE (Diskussioun) 13:29, 3. Sep. 2014 (UTC)Äntweren
D'accord mam MMFE --81.243.60.57 13:46, 3. Sep. 2014 (UTC)Äntweren
Fannen ech och gutt.--Bdx (Diskussioun) 17:39, 3. Sep. 2014 (UTC)Äntweren