Diskussioun:Joe Thein

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gréisst vum Artikel[Quelltext änneren]

Huet en daat selwer geschriwen? Waat huet deen Mann ereecht fier esou en groussen wikipedia artikel ze hun? Dann kann ech och een schreiwen iwert den Bouergermeeschter vun Hepperdang

Wann Hëpperdang eng Gemeng ass, an e Buergermeeschter huet, ass dat kee Problem. --81.242.143.163 07:45, 17. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Ech well jo just soen dass ech den verdacht hun dass den haer thein deen artikel selwer geschriwen huet, an daat fannen ech gelt net fier wikipedia

Steet iergendeppes am Artikel wat net stëmmt? --81.242.143.163 17:01, 17. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Mengen net, mais esou eng randfigur huet keen esou en groussen artikel verdengt

A sou, a wat sinn är Argumenter fir d'Gréisste vun den Artikelen déi ee verdéngt huet? Sidd dir en Enzyklopedist deen dora vill Erfarung huet? --81.242.143.163 08:05, 21. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Mëttlerweil huet e sech jo engem breede Public bekannt gemaach, da misst dat mat der Gréisst vum Artikel sécher an d'Rei goen. --Otets 11:36, 2. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Woade mer mol d'Saach of. Sollt en net méi President vun "adrenalin" sinn, ass d'Relevanz fir en Artikel souwisou net méi ginn. Gemengerot geet net duer. --Zinneke (Diskussioun) 10:21, 2. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Dat do verstinn ech lo net: Wann een eppes war an net méi ass da wier d'Relevanz net méi grouss genuch?? An de Kloertext iwwersat géif dat heeschen datt en Deputéierten oder e Buergermeeschter deen et net méi ass an och soss näischt ass, dann am Sënn vun der Gläichbehandlung och hei op der wiki misst fléien. Oder wéi wier et ze verstoen?? An deem Zesummenkank vu Relevanz: wat ass dann un deem klengen Hobbymeterolog vu Pärel méi relevant???? --Les Meloures (Diskussioun) 11:26, 2. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

FB Verhalen[Quelltext änneren]

"Haasskommentar" ass sou e Schlagwuert, dat heescht alles an näischt. Wier et net besser, ze preziséieren et wier e knapps verstoppten "Doudeswonsch" geiwescht dee geliked gouf? Do kann ee sech wéinstens eppes drënner virstellen. --Otets 10:10, 2. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Haasskommentar oder Doudeswonsch knapps verstoppt wat soll dat alles. Et kann och nëmmen eng oniwwerluecht grouss Kaalwerei gewiescht sinn déi den Auteur och nach vläicht iergendwéi witzeg fonnt huet. Op Facebook ass villes méiglech. Grad sou wéi een alt zu engem seet wat bass du een Aa.... ouni dat wierklech ze mengen. Also loosse mer ons w.e.g. hei net net de Kapp zerbriechen iwwer en Ausdrock deen sou aus der Press iwwerholl gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 12:10, 2. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]