Diskussioun:Jousefskierch Fuussbann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Foussbann oder Fousbann?[Quelltext änneren]

Moien, op [www.differdange.lu differdange.lu] gëtt et nëmme Fousbann idem bei cathol.lu. Wees do ee méi? --Jwh (Diskussioun) 08:56, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien
Ech wees net wou déi Verfälschung vum Numm hierkënnt, op jiddwer Fall huet den Numm vum Bann näischt mat Féiss ze dinn, awer ganz gäre mat dem Renert. De Kadaster deen zoustänneg fir d'Nimm ass gëtt en deemno och als Fuussbann un. --Les Meloures (Diskussioun) 12:42, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien och,
déi héichoffiziell "Nomenclature des localités" schreift Fousbann. --Pecalux (Diskussioun) 13:29, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


Déi Nomenclature vun 2000 ass wuel offiziell publizéiert, huet awer am Laf vun der Zäit (eng ronn 100 Joer) keng Evolutioun matgemaach. Et stinn eng ganz Parti Uertschaften dran déi en haut emol net méi als Lieu-dit ërëmfënnt. En plus ass se um Hannergrond vum Franséische redigéiert, den Numm also net onbedingt der Lëtzebuerger Schreifweis entsprécht.
D'Definitioun vun den Uertschaftnimm a vun de Lieu-diten ass zanter 2002 (Gesetz vum 16 Juli) an den Hänn vum Kadaster. (mise à jour d’un registre national des localités et des rues). --Les Meloures (Diskussioun) 13:52, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Info vum Kadaster, also einfach an dach net komplizéiert. D'Administration du cadastre et de la topographie, déi jo dann dofir zoustänneg ass, schéckt mech fir de plan cadastral ...disponible au grand public op de geoportail.lu. Hei ergët d'Ufro no "Foussbann" näischt, awer "Fousbann" bréngt: "Fousbann (Differdange) (Fuussbann)" a bei "Fuussbann" kënnt d'Äentwert: "op Fuussbann (Differdange)"

Deemno géing ech méngen, datt Foussbann definitiv net richteg ass. Dofir kënnt awer zweemol Fuussbann eraus.

Ännere / réckelen op Fuussbann? --Jwh (Diskussioun) 22:16, 13. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

De Kadaster huet seng Lëscht mat den Uertschaftsnimm hannert dësem Link verstoppt. De Fuussbann figuréiert ënnert der Pos. 301. --Pecalux (Diskussioun) 06:30, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Flott, an aktualiséiert op 2010. Dat hunn ech gëschter gesicht, ma net fonnt.
Déi Zuele riets - sinn dat Koordinaten? Gëtt et eng Formel déi an Grade, Minutten ëmzerechnen? --Jwh (Diskussioun) 08:02, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Hei ass emol eng Websäit déi sou en Déngscht ubitt: http://www.deine-berge.de/umrechner_koordinaten.php --Les Meloures (Diskussioun) 08:28, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Jo, mä d'Heidi schéngt näischt mam "Luxembourg 1930 / Gauss" kënnen unzefänken, dëse kann et, 't muss ee sech awer registréeiren. An duerno d'Wäerter eenzel aginn. Wann ee besser am Rechnen opgepasst hätt, kinnt e vläit eng fäin Excel-Formel erfannen... --Jwh (Diskussioun) 09:24, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]