Diskussioun:Jugendherberg Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Klausen oder Pafendall?[Quelltext änneren]

Obwuel se zum gréissten Deel op Clausener Territoire steet..... Dat war villäicht fréier mol esou, d'Jugendherberg läit jiddefalls haut no der Kaart op topographie.lu komplett am Quartier Pafendall. --MMFE (Diskussioun) 11:04, 9. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Richteg a se läit net nëmmen am Quartier wéi d'Stad Lëtzebuerg e gesäit, mä neierdéngs no den neie Grenze vun de Kadastersektiounen och an der Sektioun B vum Pafendall. --Les Meloures (Diskussioun) 11:41, 9. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Hmh, geoportail.lu schéngt sech dann u "fréier" ze halen. --Jwh (Diskussioun) 14:48, 9. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Du muss méi genee kucken. déi nei Grenz leeft iwwer d'rue du Fort Olizy dann an den neie Wee bis ënner Bréck, spréngt dann op d'Bréck an Direktioun Stad, a béit dann op de Boulevard Thorn of. --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 9. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
OK, got it! Ech hunn op der Carte topographique gekuckt an do ass dat Gepenktels, 't schéngt den historesche Plang ze sinn. Op der Carte de base gesinn ech da lo déi richteg Ofgrenzung. Gutt ze wëssen. Merci! --Jwh (Diskussioun) 19:37, 9. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]