Diskussioun:Kierchegeschicht vum Lëtzebuerger Land

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zefridden?

Wat soll dee Quatsch? Gëtt hei de blesséierte Bubi gespillt, well do en anere gemierkt huet datt net alles sou ass wéi et an engem enzyklopedeschen Artikel soll sinn. Eng Ausdrocksweis wéi Schoulmeeschtere se gebrauchen, ass op der Wikipedia net gefrot, ouni vun den ortographesche Feeler ze schwätzen. Et diskutéiert keen den Inhalt, et geet haaptsächlech ëm d'Format, Schreiffeeler a Sazbau. --Les Meloures (Diskussioun) 12:35, 3. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Moien, fir d'éischt emol Merci, dat do ass en décke Batz, deen huet misse mondgerecht recherchéiert a geschriwwe ginn.

Ech di mech e bësse schwéier mam Lemma, well et den Androck gëtt, et géing ëm d'Geschicht vun (de) Kierchen zu Lëtzebuerg, dobäi ass just déi réimesch-kathoulesch gemengt. Wier et net besser, den Artikel als Geschicht vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ëmzenennen, dee sech kéinnt areien an een iwwer d'Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg, deen dann allgemeng den Opbau, d'Aktivitéiten, an eeben och d'Geschicht (mat Verweis heihinner) aféiere kénnt.

E klenge Verweis, dass et och aner Reliounen am Land ginn, wier och net schlecht.

--Zinneke (Diskussioun) 10:10, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

"Lëtzebuerger Land"[Quelltext änneren]

Et kinnt och nach am Text preziséiert ginn, wou den Territoire vum haidege Lëtzebuerg gemengt ass, wou deem vum Herzogtum Lëtzebuerg, a wou de vun der Géigend vum haitege Lëtzebuerg (oder der Géigend tëscht Rhäin a Meuse, wa mer nach méi zréck ginn). "Lëtzebuerger Land" ass zevill onprezis dovir. --Zinneke (Diskussioun) 10:10, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Et huet souwäit wéi ech gesinn keng Wiki en Artikel iwwer d'Kierchegeschicht vum eegene Land. Enger IP hei Merci ze soen fir eppes wat en hei ofgeknäipt huet an dat nach ganz schlecht, fannen ech zimmlech abstrus. Wann iwwerhaapt Deeler vun dësem Artikel solle bestoe bleiwen, da sinn ech der Meenung datt déi sollen am Artikel iwwer de Bistum stoen, well ouni de Bistum ass zu Lëtzebuerg d'Kierchegeschicht null. D'Kierchegeschicht vu Lëtzebuerg ass souwisou net ouni d'Kiercheschicht vun den anere Länner an Europa denkbar, an ech fannen hei sollt en Artikel iwwer d'Kierchegeschicht am Allgemenge stoen. Et mierkt een allerdéngs eréischt wéi miserabel dat Geschreifs ass wann ee wëll dru verbesseren. --Nilrom (Diskussioun) 11:04, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Gudde moien och,
Wéinst enger anerer Diskussioun hat ech mech gëschter mat 2 Mataarbechter vun der Wiki gestraff. Iergendwéi am Gespréich koume mir och op dësen Artikel ze schwätzen, a mir waren ons zimmlech eens, datt den Artikel sou wéi en do steet zimmlech nieft der Schinn ass, och wa valabel Elementer drastinn déi soss enzwousch kéinte gebraucht ginn, an datt et am Fong keen Artikel iwwer d'Kierchegeschicht vum Lëtzebuerger Land soll hei ginn, ausser an engem Kapitel vun der Kierchegeschicht am grousse Ganzen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:46, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
PS: Wa keen et sollt gemierkt hunn: Dësen Artikel deen och vun enger IP gemaach gouf ass wierklech e gudde Basisartikel op deen souvill Artikel verlinkt sinn datt mer do e ganze Batz Kierchegeschicht zesummekréien. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]