Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gutt Fro. En ass op alle Fall Maître peintre d’autos an en huet eng Entreprise fir Lettres autocollantes a Peintures publicitaires. Mécht dat e schons zum Moler am Sënn vun eisem Artikel? Otets 22:29, 13 Mäe 2005 (UTC)

De Johnny Chicago mengt, de Nico Langehegermann géif och nach aner Saache molen, wéi just Autoen (cf. hei). Ëmsou besser, da kann e jo ouni Problem an der Lëscht drableiwen. Otets 11:15, 14 Mäe 2005 (UTC)

Den Johnny Chicago mengt net, "de Nico Langehegermann géif och nach aner Saache molen, wéi just Autoen"; den Johnny Chicago schreift "De Nico Langehegermann stellt de Moment seng gemolte Biller an der Galerie Becker an der Stad Lëtzebuerg aus". Iwwregens "Du 17.02 au 17.03.05 Lux.-Ville: Nico Langehegermann (peinture), à la Galerie Fred Becker." aus : http://rtl.lu/service/luxbazar/homefr.rtl?category=765&id=47&go=true . --Cornischong 14:25, 14 Mäe 2005 (UTC)

Firwat hu mer net eng nei Lëscht vu Lëtzebuerger Sculpteuren opgemat, wou mer mol eng Kéier méi wéi zing Leit pro Lëscht zesummekréie kënnen? Enfin, wann et dann iewer bei "Konschtschafenden" sollt bleiwen (meng Fro ass just op mäi Firwëtz zeréckzeféire gewiescht), da kann dës Lëscht op alle Fall net, oder net nëmmen, ënnert der Kategorie "Molerei" bestoe bleiwen. --Otets 08:55, 18 Abr 2005 (UTC)


Moien,

  • D'Lescht vun de Konschtschafenden ass nach nët färdeg.
  • Et gi Sculpteuren déi molen, a Moler déi och Skulpture machen, an da gëtt et der och nach déi d'Molen an d'Sculptéiren an engem Wiérk vermeschen, asw..... Duerfir de neien Num, de Problem huet sech eréischt gewisen wéi d'Lëscht gemeet gouf

Johnny Chicago 10:36, 18 Abr 2005 (UTC)

Onbekannte fréier Staatschefin[Quelltext änneren]

Als éischten Numm an der Lëscht liesen ech "Adélaïde-Marie, Grande-Duchesse de Luxembourg (1833-1916)" Wie soll dat gewiescht sinn? D'Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, déi vun 1894 bis 1924 gelieft huet a vun 1912 bis 1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg war??? wonnert sech de --Zinneke 8 Juli 2005 22:13 (UTC)

Den Johnny Chicago huet déi virun ongeféier 2,5 bäigesat. Dee kennt jo u sech eppes vu Moler a ka sécher an deer Fro weiderhëllefen. --Otets 8 Juli 2005 23:17 (UTC)

Net onbekannt[Quelltext änneren]

Marie-Adélaïde ass net Adélaïde-Marie.

D'Adélaïde-Marie (25.12.1833 - 24.11.1916) war déi zweet Fra vum Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg ,also Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg, si war eng gebuere Prinzessin vun Anhalt-Dessau.

Si war Member vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg. D'Uelegbild Bouquet de Fleurs vun hir ass an der Collectioun vum Musee um Feschmaart. Johnny Chicago 8 Juli 2005 23:42 (UTC)

Onbekannte Groussherzogin ????[Quelltext änneren]

Wann ech esou am Katalog vun der "La représentation de la femme dans la peinture luxembourgeoise" kucken, da fannen ech tëscht Hulsemann, Kirsch an esou weidereng Kënschtlerin iwwer déi dat hei steet: "...peint depuis sa jeunesse ... ses sujets préférés sont les natures mortes, les fleurs et les paysages ...en 1892 un "atelier" de peinture es installé au Palais de Luxembourg ...est également Présidente d'honneur du "Nassauischer Kunstverein" ...c'est à la suite de sa proposition qu'est créé le Prix Grand-Duc Adolphe ...qui ... chaque année par la Maison Grand-Cudale à un artiste luxembourgeois pour l'ensemble de ses oeuvres exposées au Salon du Cercle Artistique de Luxembourg ..." Et geet hei, wéi mer schonns gemierkt hunn ëm d'"Adélaïde-Marie Grande-Duchesse de Luxembourg, Duchesse de Nassau. --Cornischong 8 Juli 2005 23:47 (UTC)

Mat all deenen Informatiounen do hätt ee kënnen e ganzen Artikel schreiwen. Oder besser gesot konnt... --Otets 9 Juli 2005 00:15 (UTC)

Tjo, mee wie schreift hautesdaags nach Artikelen? --Cornischong 9 Juli 2005 00:20 (UTC)

Ech sot "konnt", well et elo net méi méiglech ass, well ech e scho geschriwwen hunn. An dat obwuel ech perséinlech keng Ahnung vun deer Fra hunn.  ;-))) --Otets 9 Juli 2005 00:23 (UTC)

Franséisch Kënschtler op der Lëtzebuerger Lëscht?[Quelltext änneren]

Wann ech googelen, da stoussen ech just op Säite wou steet, d'Maggy Masselter wier eng franséisch Kënschtlerin. U sech huet se da jo näicht op der Lëscht vu Lëtzebuerger Konschtschafende verluer, oder huet se soss e wichtege Lien mat Lëtzebuerg? --Otets 13:13, 15 Jun 2005 (UTC)

D' Liliane Heidelberger ass eng franséisch Sculptrice déi zënter 50 Joer zu Lëtzebuerg wunnt. Soll een se bei de "lëtzebuergesche Konschtschafenden" stoe loossen oder soll ee stréng no der Nationalitéit fueren an sew do läschen?--Fliedermaus 14:11, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ass et Zoufall, datt haut eréischt e Mënsch beim Buschtaf "A" opdaucht? --Cornischong 20:02, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Keen Numm ouni en Artikel mat engem Minimum vun Informatiounen a Referenzen[Quelltext änneren]

Et ginn ëmmer erëm Nimm vu Leit an d'Lëscht vun de lëtzebuergesche Konschtschafenden opgeholl, iwwer déi soss näischt bekannt gemaach gëtt, wéi de plakegen Numm, eventuell nach mat dem Gebuertsjoer. Wat kann een, deen net Insider ass, domat ufänken? Dofir meng Propositioun: keen Numm ouni en Artikel mat engem Minimum vun Informatiounen a Referenzen, oder awer den Numm erëm läschen. --Jamcelsus 13:17, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Den Numm op der Lëscht ass en éischte Schrëtt um Wee fir en Artikel. Dacks huet een net déi néideg Informatiounen, d'Zäit oder d'Loscht fir den Artikel direkt ze schreiwen nodeems een den Numm op d'Lëscht gesat huet.
Wann déi rout Nimm op der Lëscht stéieren, da wier et op jidde Fall besser fir weider Artikelen ze schreiwen wéi datt dës Nimm einfach geläscht ginn.--Fliedermaus 14:05, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Do si mer net enger Meenung!--Jamcelsus 21:26, 14. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien
Dës Lëscht ass grad esou eng Lëscht wéi mer der vill op der lb:Wiki hunn. Si ass grad esou wéi vill anerer am Ufank als Aide mémoire ugeluecht ginn. Déi rout Linke kënne fir den een oder aneren eng Erënnerung sinn, fir en Artikel deen se mol wollte schreiwen erëm opzegräifen. Fir anerer ass et en Hiwäis datt nach e pak Artikele feelt. Et ass emol op jiddwer Fall ee Mëttel dat hëlleft, datt verschidde Konschtschafender net solle vergiess ginn. Fir de Rescht ass se als dat ze betruechte wat se ass: eng einfach Lëscht an där grad esou vill rouder a bloer stinn, wéi a villen aneren.
Wat ech perséinlech méi droleg fannen dat sinn déi rout Kuckt och an den Artikelen. Do gi Leit drop higewisen datt se eppes solle kucken an et gëtt näischt ze kucken.
Les Meloures 21:48, 14. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Jean Neumann[Quelltext änneren]

Ech vermëssen ënnert dem Buchstaaw N , ee lëtzeburger Künstler vun deem ech zoufälleg ee Bild hunn vun 1905. sei Numm ass Jean NEUMANNS , gebuer 1888 zu röhl (D) Mëmber vum CAL, Luxembourg, a gestuerwen zu Ettelbrëck de 19 Januar 1973.(Yggam) vun der IP: 149.34.10.220

Ech hunn och ee Bild vun him. Seng Biller gi fir den Ament ëm déi 100 Euro gehandelt. De Mann war Usträicher zu Befort. --87.66.215.14 19:26, 23. Feb. 2016 (UTC)[äntweren]

All déi aner Konschschafend (wa mer se schonn sou komplizéiert vernennen)[Quelltext änneren]

Ech fannen déi Lëscht hei zimmlech restriktiv. Wou bleiwen déi Kënschtler déi net grad Moler oder Sculpteur sinn. Oder sinn dat keng Konschtschafend. --Les Meloures (Diskussioun) 10:30, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, fir méi Kloerheet hunn ech emol den Niewesaz "am Beräich arts palstiques (d.h. Molerei, Grafik, Skulptur, asw.)" bäigesat. Mee ech stëmmen zou, datt dat bei 'oppene' Lëschten ëmmer esou eng Saach ass, wéi wâitgefaasst se si sollen. --Zinneke (Diskussioun) 12:33, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]
Jo sou ass d'Restriktioun méi kloer. Mä wat mache mer mat deenen anere Konschtschafenden oder Kënschtler. Hätten déi net verdéngt an enger Lëscht ze stoen. Sou Lëschte hëllefe jo schliislech potentiell Artikelen z'entdecken déi nach net geschriwwe goufen. Firwat solle mer ons dann do op d'Molerei an Skulptur limitéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]
Fir Museker, Schrëftsteller a Schauspiller hu mer separat Lëschten, wat feelt ass eng Lëscht fir Architekten. Fotografen an Konschthandwierker kënnt een an dës Lëscht hei mat dobäi huelen. --MMFE (Diskussioun) 13:01, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]
D'accord, mä sollt dann net den Titel vun der Lëscht u séch méi restriktiv sinn, an ënner deem heiten Titel all déi aner Lëschten déi mat Kënschtler ze dinn hunn, opgezielt ginn. --81.242.33.155 13:10, 30. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]