Diskussioun:Lëscht vun de Weekapellen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

An dëser Lëscht sinn en etlech futtis Fichieren. Goufen déi op commons geläscht oder u wat kann dat leien? --Les Meloures (Diskussioun) 09:43, 6. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Dat kann ech der soen. Et sinn alles Fichiere vun der Uertschaft Reckeng, resp. neiderdengs Recken. Do huet de Bot den Numm vun der Uertschaft am Fichiersnumm korrigéiert an domat onbrauchbar gemaach. --MMFE (Diskussioun) 10:55, 6. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Wat ass dat awer en Iesel. Ech hunn him mol gutt d'Panz gerappt. Et ass lo rëm an der Rei. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 11:06, 6. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien,

Well do steet: "St. Sebastianuskapell, de 25. Oktober 1987 vum Buergermeeschter Mathias Schmitz der Tréischterin am Leed geweiht (Plack an der Kapell mat Widmung)", froen ech mech datt wann d'Buergermeeschtere well Kapelle weie kënnen, wéini de Premier Priisterweie mécht. --Jwh (Diskussioun) 09:29, 21. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]