Diskussioun:Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Beetebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, wéi ech d'Koordinate vun deem Objet hei gesicht hunn:

Les immeubles, sis 15, rue de l’Eau, inscrits au cadastre de la commune de Bettembourg, section A de Bettembourg, sous les numéros 890/445 et 891/1539 (891/9763)

hunn ech gemierkt, datt den Nummer 15, map.geoportail.lu no, éischter eppes wéi en ale Baurenhaff ass. D'Altersheim ass e Stéck weider no Osten. Fir d'Saach méi einfach ze maachen, passen déi Kadasternummeren uewe weder zu deem engem, nach deem aneren. Wee gëtt méi schlau aus der Saach: Ass dat um Bild de Nr 15? Ass den Nr 15 en Altersheim? A wou gehéieren déi Kadasternummeren hin? --Zinneke (Diskussioun) 15:23, 4. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech ka leider och net genau soen, op d'Altersheim d'Nummer 15 an der rue de l'eau ass. Wéi ech déi Foto gemaach hunn, sinn ech duerch déi ganz Strooss gaang an dat Gebai do war dat eenzegt dat esou ausgesinn huet wéi wann et op déi Lëscht kënnt gehéieren. --MMFE (Diskussioun) 21:27, 4. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, aus dem Kapp: vir um Eck vun der Lëtzebuerger Strooss ass e grousse Bauerenhaff, dann d'rue de la Tannerie erof e bëssen no hanne versat, ass de Klouschter an e bësse méi wäit dann dee ronnen Neibau vum Altersheim. Do féiert eng Bréck iwwer d'Diddlenger Baach - ech denken no der Bréck ass et d'rue de l'Eau.

Um geoportail da gesinn ech d'Kadasternummeren net esou wéi ouwen uginn, mä d'Haus Nummer 15 ganz gutt - dat ass awer sécher net de Klouschter. Do hu se warscheinlech nees irgendëppes klasséiert... --Jwh (Diskussioun) 22:10, 4. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

An deem Fall misste mer d'Foto hei eraushuelen an ëmkategoriséieren. Ech weess net, wéi deen Haff do ausgesäit (oder wat fir eng Bedeitung en huet/hat). Bei verschiddene Gebaier freet ee sech effektiv, wat do sou besonnesches soll dru sinn. D'Auswielcritèrë vum SSMN ware nach ëmmer zimmlech eegewëlleg a selektiv. Da wier elo deen Haff den nächste Kanditdat fir virun d'Lëns :-) --Zinneke (Diskussioun) 09:08, 5. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]
D'Altersheim ass jo dann net emol an der richteger Strooss, dat Gebai hätt awer eng Plaz op der Lëscht verdéngt. Ech kommen dëse Mount warscheinlech nach eng Kéier op Beetebuerg, da kucken ech mer déi Saach mol méi genau un.--MMFE (Diskussioun) 10:01, 5. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]
Wann Ee weess, wou méi iwwer dat Klouschter gewuer ze ginn ass, dat virdrun dra war, ass séier e klengen Artikel geschriwwen, an d'Foto fënnt en Ënnerdaach. Alternativ wier en Artikel iwwer Sozial Strukture fir eeler Leit zu Lëtzebuerg (oder esou) z'iwwerleeën... Bis dohinner ass d'Foto emol bei Commons:Category:Bettembourg a commons:Category:Retirement homes in Luxembourg gutt versuergt. --Zinneke (Diskussioun) 13:21, 5. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]
Dat Gebäi op der 15, rue de l'eau hunn ech dann och elo fonnt. Et gëtt grad renovéiert a riets a lenks dovun nei gebaut. Allerdengs hu mer elo di Foto vum Altersheim op Commons mat enger falscher Bezeechnung am Numm. Kann een do deen Numm änneren? Oder einfach läschen, ech kënnt se jo mat neiem Numm eroplueden. Läsche vu Biller ass am Moment jo ganz in. --MMFE (Diskussioun) 13:06, 10. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'neit Bild!

Läsche kann op Commons nëmmen ee mat Adminsrechter, déi huet kee vun der lb:Wiki. Am beschten, Du setz dohinner deen heite Code:

{{rename|NeienNumm.Dateiendung|Grond}} Da kuckt do een dono.

Wat d'Läschen hei betrëfft: Do handelt et sech ëm jorenal Geschichten, déi deemools ënner ongëlteger, onkompletter oder net méiglecher Lizenz eropgeluede goufen (am gudde Glaf oder well ee sech net vill derbäi geduecht hat) an déi net ëmlizenzéiert konnte ginn, sief et, well dat géint d'"Fräiheets-Postulat" wier, oder well den Eroplueder dat net maache wollt oder konnt. Aner geläschte Fichiere sinn einfach Doublone vu Commons. Zil ass et, fir ee fir allemol eng 'propper' Situatioun op der Lb-Wiki ze hunn, an dann d'Eropluedsäit op Commons ëmzeleeden, mat just enger klenger Ausnamméiglechkeet (zB Logoen ënner FU) am "Small print". --Zinneke (Diskussioun) 13:42, 10. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]