Diskussioun:Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Stengefort

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

1) zur Hinzerter Baraque:
si stoung fir d'éischt als Baubud an der Stad, duerno laang Zäit als Beienheischen zu Hoen (wou se klasséiert gouf), duerno zu Stengefort bei der aler Schmelz, wou se vandaliséiert gouf. De Koup Brieder gouf duerno eng Zäit ënner der Eisebunnsbréck (och geschützt, IS) méi wäit hannendru gelagert (Fotoen dovunner hunn ech) a koum duerno a Restauratioun, wou s'och elo nach ass. Et ass geplangt s'am Stadgronn nei opzeriichten. Affaire à suivre...

2) Zu deenen zwou geschützten Eechen zu Klengbetten: déi eng dervun hu mir als Artikel mat Fotoen. Am Moment weess ech net watfir eng vun deenen zwou dat ass. Bleiwen do derhannert. --Cayambe 10:51, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

De Fall mat der Eech ass gekläert, cf Rei Nr. 2 an dësem Artikel an och hei. --Cayambe 11:15, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien,
Komescherweis ass d'Kadasterparzell 873/849 vun der N° 3 op de Koordinaten déi mer am Artikel stoen hunn. Soll do eppes am Mémorial duebel lafen.? Les Meloures 11:32, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Ka gutt sinn... à moins datt eng Verwiesselung am Memorial besteet mat der Lann zu Klengbetten? kanns Du net emol versichen dat mam Onlinekadaster z'iwwerpréifen (du hues méi Experienz doranner)? --Cayambe 16:55, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech huelen éischter un datt et bei deem Haus zwou Eeche gëtt. Déi Kadasterparzell ass zimmlech grous. Et ka gutt sinn datt nach eng Eech hanner dem Haus op der Wiss steet.
D'Lann am Kolerbierg steet jo eng gutt 800 m dervunner ewech. --Les Meloures 18:21, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech hunn de Bobo entdeckt a gefléckt. -- Les Meloures 18:38, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Déi aner steet hei: 49° 38’ 40.2’’ N 05° 54’ 46.6’’ O (Wéinsten mol der Kadasterparzell no) -- Les Meloures 18:51, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci, dat nennt een Zesummeschaffen :-). Elo bleift awer nach e klenge Problem: den Datum vum Klassement vun der Eech am Viktorsbierg stëmmt net mat deem am Artikel. Hues Du vläicht d'Arbres remarquables 2002 bei Hand? Soss préifen ech dat Muer. --Cayambe 19:28, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech hunn d'Arbres remarquables net. Ech géif mech hei op de Mémorial baséieren, An FoWa kann och ee sech beim Ofschreiwe geiert hunn, an huet déi falsch Eech erwëscht. -- Les Meloures 20:22, 5. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]