Diskussioun:Lëtz Rise Up

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nëmme Fraen?[Quelltext änneren]

Moien,

"Lëtz Rise Up ass eng feministesch an antirassistesch Associatioun vu Fraen…". Dat steet effektiv an der Charta op hirer Websäit (« …est une Association de femmes »), mä an de Statute steet eppes anescht: « Toute personne physique désirant faire partie de l'association…». Wat solle mer dann hei am Artikel schreiwen? GilPe (Diskussioun) 13:09, 21. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Dat heescht sécher datt se vu jiddwerengen d'Cotisatioun wëllen awer nëmme Frae solle Meeschter ginn. Solle mir da vläicht an onsem Artikel hir Statute kommentéieren, oder firwat hues de gefrot. --Les Meloures (Diskussioun) 13:26, 21. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Ech si just iwwer deen Detail gefall… Wa mer Associatioun vu Fraen schreiwen ass dat fir mech och OK, mä et schéngt mer net mat de Statuten iwwereneen ze stëmmen, also enzyklopedesch net onbedéngt richteg. GilPe (Diskussioun) 15:23, 21. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Se soen och: et toutes celles qui deviendront membres par la suite, est constituée une association sans but lucratif
Wa si hir Statuten net ordentlech maachen well se duerno eppes ofgeschriwwen hunn ouni drun ze denken datt et sech just ëm Fraen sollt dréinen da soll dat ons egal sinn. Da kann een da just soen: feministesch an antirassistesch awer soss juristesch net ou richteg perfekt :-) --Les Meloures (Diskussioun) 15:35, 21. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]