Diskussioun:Laangegronn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Weess ee wou de Laangegronn genee ophält an de Welteschgrond ufänkt? Industrie.lu deklaréiert de ganze Welteschgrond mat als Laangegronn. De Fernand Lorang schwätzt och nach vun enger zweeter Grouf Laangegronn, déi vun de Metzen an duerno Arbed, obwuel ech do éischter op d'Konzessioun Holleschbierg tippen, nieft dem Transformatorsgebai (wou ech en plus mengen datt nach virdrun do Drockloftmaschinne stoungen). Mee alles onkloer, also all Hëllef ass wëllkomm. --Otets 16:30, 23. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Haitegt Wierk[Quelltext änneren]

vum haitegen Zementwierk?

Ass lo en Zementswierk am Laangegronn. --Les Meloures (Diskussioun) 22:49, 10. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Ech loosse mech gär beléieren; ech hunn déi Info vun der Säit fr:Ligne 6d (CFL): « De nos jours elle dessert la cimenterie Intermoselle située à Langengrund ... ». GilPe (Diskussioun) 16:51, 11. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Jo déi kënne kee Klinkerwierk vun engem Zementswierk ënnerscheeden. --81.244.9.190 21:21, 11. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]