Diskussioun:Laozi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech si gär domat averstanen, datt deem Mann säin Numm en exoteschen "Touch" huet. Fir en op Lëtzebuergesch "Lǎozǐ" ze nennen, also en Numm mat fënnef Buschstawen, vun deenen et der zwéin am "eisem" Alphabet iwwerhaapt net gëtt, an esou kee Mënsch déi ausschwätze kann, kënnt mer "ganz e bësse speziell vir". Mer kënne gär mol en Test maachen. Mer ginn an e Bicherbuttek, a mer froen no engem Buch vum "Lǎozǐ" . Amazon Frankräich, Däitschland an den Amazon.com kennen dee Fall emol net. Soll ech mech just wonneren??--Cornischong 15:27, 24. Mäe 2008 (UTC)

Salut, och ech hu mech gewonnert wéi ech dëst fonnt hunn an hu mech dunn einfach doru gehal. --Robby 16:10, 24. Mäe 2008 (UTC)

Dat féiert dann dozou, datt hei eent dat aus der de-Wikipedia importéiert, an datt déi selwer sech net drun halen (deene hiren Artikel heescht "Laozi" ouni Accenten a mär amuséieren eis mat deem abstruse Kabes. Am Wikipedia Diskussioun:Nummkonventiounen/Indien hat ech probéiert dee mëlle Kabes ze bremsen, mee .... Also, nach eng Kéier fir matzeschreiwen, datt herno kee soe kann, ech hätt net reagéiert. Ech fannen déi Saachen do abstruseste Kabes. Hei hu mer Problemer mam Lëtzebuergeschen a mer amuséieren eis mat hyperexotesche Buschtawespillereien. Wéi d'Briséis ugefaangen huet, komplett duerchzedréien (mat den Upanischden!!) ass et emol kaum engem opgefall. Mer wëllen eis perforce lächerlech maachen. --Cornischong 18:14, 24. Mäe 2008 (UTC)

Da bleiwt eigentlech nach just d'Fro vorop mir den Artikel réckele sollen op Laozi (cf. en:Laozi de:Laozi) oder op Lao Zi (cf fr:Lao Zi) oder op Laotse fi:Laotse oder awer op Lao Tse (cf.: bs:Lao Tse). Dat ganzt schéngt zimmlech komplizéiert mee et gesäit esou aus wéi wann déi meescht Wikien sech fir Laozi decidéiert hunn. Also meng Fro Wat maache mir? --Robby 19:59, 24. Mäe 2008 (UTC)

Fir mol weiderzekommen: ---> { http://plato.stanford.edu/entries/laozi/ ) dat wier dann "Laozi". Da si mer déi Accentë lass. Da kënnt nach deem säin Haaptwierk un d'Rei, den Daode Jing oder Tao te king. An da gëtt nach méi quokeleg mat deem aneren Taoist oder Daoist, dem Zhuangzi oder sou. Da loosse se sech ausschwätzen. --Cornischong 01:21, 25. Mäe 2008 (UTC)