Diskussioun:Mich Mangen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien?

"ass e Bassist a Komponist": Wat huet dee Mann geschriwwen? Wou a wéini ass dat erauskomm? A wat fir Orchesteren/Bands spillt hien? Literatur iwwer hien? Wa mer do näischt gewuer ginn, ass den Artikel séier geläscht.--Zinneke (Diskussioun) 12:44, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Remoien, elo hu mer emol den Numm vun enger fréierer Band. Zum neien Text: "ass ... um Concert vum Michael Jackson zu Beetebuerg op de Bün gewiescht.": Huet déi Band als Virgrupp gespillt? Huet den Här Mangen beim Concert vum Jackson de Bass gespillt? Oder wat huet hien "op der Bün" gemaach? E bësse méi prezis wier net vu muttwëll. A wat deem Mann dann elo komponéiert soll hunn, wësse mer nach ëmmer net... --Zinneke (Diskussioun) 15:27, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

hien huet sech op seng Carrière als Kampfsportler am Taekwondo konzentréiert. A wat ass do derbäi erauskomm.?? --91.180.81.47 12:15, 9. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hunn e bësse gebotzt a just dat stoe gelooss, wat een iergendwéis nach als enzyklopedesch relevant duerchgoe loosse kann.--Zinneke (Diskussioun) 22:41, 9. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]