Mich Mangen

Vu Wikipedia
Mich Mangen
Gebuer 3. November 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

De Michel ("Mich") Mangen, och nach "Maniac" oder "Mango" genannt, gebuer den 3. November 1973 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Bassist a Komponist. Hien ass bekannt als Grënnungsmember a Bassist vun der Band Sleepwalk.

De Mich Mangen huet als Kand fënnef Joer Solfège a Piano geléiert. D'Pianoscoursen hat hien ënner anerem bei sengem Cousin Marc Mangen. Mat 18 Joer ass hien dun op d'Bassgittar iwwergewiesselt.

Hien huet a verschiddene Studentebands gespillt, bis en 1992 vum Sänger Romain Halsdorf vun der Rockgrupp Hard To Handle fir eng Tournee durch Lëtzebuerg engagéiert gouf. Mëtt 1993 huet d'Tourbesetzung vun Hard To Handle sech opgeléist. Fir d'Solo-CD vum Romain Halsdorf "Opposites Of What You Fancy" huet de Mich 1994 ee Bass-Track agespillt.

1994 huet de Mich Mangen zesumme mam Batteur Claude Melchior d'Band Sleepwalk gegrënnt. Bei Sleepwalk war hie vun Ufank un als Songwriter an als Bassist engagéiert. Dat lëtzebuergescht Lidd "Firwat?" staamt aus senger Fieder. Mat Sleepwalk stoung hien ënner anerem als Opener fir déi daitsch Grupp Cultured Pearls a fir de Michael Jackson op der Bün. Enn 1998 huet de Mich d'Band opgeléist mat der Begrënnung, hie wéilt Studioerfahrung als Produzent sammelen. De Mich huet d'Auteurs- an d'Komponisterechter vun alle Stécker vu Sleepwalk.

Wärend senger Zäit bei Sleepwalk hat de Mich nach weider kleng Projeten, ënner anerem d'Funkband Pass The Peas, zesumme mam Georges Majerus (Gesang & Saxophon), André Demarie (Gittar), Tom Scholer (Piano) an Dan Lutgen (Batterie).

Vun 1999 bis 2000 war de Mich Bassist an zum Schluss och Sänger an der Coverband Unexpected.

Zanter 1998 produzéiert hien a sengem Homestudio Demotapë fir Lëtzebuerger Newcomerbands a vun 2001 un, schafft de Mich Mangen u Song-Material fir e Comeback mat enger neier Band an hien ass zanter 2010 reegelméisseg op verschiddenen Jam-Sessions present.

Kuckt och

Um Spaweck