Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Mierscher Theater (Veräin)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dës Säit komplett läschen

[Quelltext änneren]

Dës Säit ass 'double emploi' mat der Säit "Mierscher Theater" a soll dowéinst am beschten geläscht gin. Marcel.Origer (Diskussioun) 14:05, 23. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]

gouf restauréiert. Dat eent ass en Artikel iwwer d'Gebai an dat hei ass e Veräin. --Les Meloures (Diskussioun) 15:02, 23. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
D'Gebai an d'Asbl sin eng mateneenverbonnen. Dat eent ouni dat anert get et net. Dovir ass et sënnlos an souguer verwirrend zéi Einträg an der Wikipedia ze féieren. Marcel.Origer (Diskussioun) 09:08, 24. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
D'Foussballsterrainen an d'Foussballsekippe sinn och enk verbonnen. Trotzdeem gëtt et Artikelen iwer déi zwee. Et ass méi intressant hei all Artikel nach e bësselchen mat zousätzlechen Informatiounen auszebauen, amplaz alles an en Dëppen ze geheien. Am Fall wou Artikelen sollen zesummegeluecht ginn, da soll dat ordentlech gemaach ginn, fir datt keng Informatioun verluer geet. Dat war hei och net korrekt gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 24. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]


Dat eent ouni dat anert get et net. A fir wat wann ee froen däerf? No där Ausso wier et reng hypothetesch gesinn, esou, datt wann et d'ASBL net méi géif ginn, d'Gebai net méi do wier? --2A02:A03F:A199:6C00:4065:912:353D:7606 16:22, 24. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
Beim Mierscher Theater sin d'Haus an d'Asbl eent. Et ass keen Zoufall, dass d'Haus an d'Asbl zäitgläich vun Maison de la Culture (Kulturhaus) op Mierscher Theater ëmbenannt gi sinn. Zwee Einträg sin net sënnvoll, souguer verwirrend. Als Member vum Veraltungsrot misst ech et (besser) wëssen. Marcel.Origer (Diskussioun) 07:32, 25. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien
Ech hunn déi zwéin Artikelen (Veräin a Gebai) e bëssen ausgebaut. Well jo am Gebai méi wéi just de Veräi Mierscher Theater asbl säi Sëtz huet, mécht et a mengen Aen nach méi Sënn d'Gebai an d'Veräiner ze trennen an eegen Artikelen unzeleeën… An och wann „D'Gebai an d'Asbl (…) eng mateneenverbonnen“ sinn, sinn et zwou verschidden Entitéiten: dat eent ass eng Asbl an dat anert ass e Gebai dat emol net der Asbl gehéiert, et ass nämlech Proprietéit vun der Mierscher Gemeng.

Mam Homonymie-Hiwäis beim Veräin a beim Gebai misst dat och op den éischte Bléck kloer sinn. | GilPe (Diskussioun) 08:55, 25. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]